Och Hëtzt a Bränn halen d'Lëtzebuerger net vum Reesen of

© Spyros BAKALIS / AFP
Aktuell leit de Süde vun Europa ënnert extrem héijen Temperaturen.
Meteorologe rechnen dermat, datt an dëser Woch de Rekord vun 48,8 Grad Celsius, deen 2021 op Sizilien opgestallt gouf, gebrach dierft ginn. Ma wat fir een Impakt huet dat extreemt Wieder op d'Verhale vun de Lëtzebuerger Touristen? De Marc Hoscheid huet beim Daachverband vun de Lëtzebuerger Reesagencen nogefrot.
Et ass Summervakanz zu Lëtzebuerg an dat heescht fir vill Leit: an de Fliger a fort. Dacks läit d'Zil vun der Rees a méi südleche Regiounen. Ma déi aktuell extrem héich Temperaturen a Südeuropa dierften awer net nom Goût vu jidderengem sinn. Dobäi komme Bëschbränn, beispillsweis a Griicheland ronderëm d'Haaptstad Athen an op der Mëttelmierinsel Rhodos. Deelweis goufen esouguer Hoteller evakuéiert. Ma wann een dem President vun der Union luxembourgeoise des agences de voyages Fernand Heinisch gleewen duerf, hunn dës Nouvellen awer quasi keen Impakt op de Lëtzebuerger Tourismus.
"Et si vereenzelt Clienten, déi froen natierlech, wou e bëssi onsécher sinn, mä et gëtt awer lo net ëmgebucht oder stornéiert. Ganz ganz eenzel Fäll, déi awer vläicht och wieren, wann eng aner Situatioun wier. Wéi gesot et ass net nennenswäert wat an de Reesbüroen ëmgebucht oder stornéiert gëtt, et éischter nach gebucht fir den August."
Fir déi meeschte Leit wier d'Hëtzt beim Buche vun hirer Rees guer keen Thema gewiescht. Hie wéist just vun engem Fall, wou eng Persoun hir Rees a Kanada ëmgebucht hätt. Am nordamerikanesche Land ginn et aktuell jo ganz hefteg Bëschbränn. Et hätt bis elo och keng Fäll ginn, wou Leit fréizäiteg aus der Vakanz zeréckkomm wieren, well se d'Hëtzt net méi gepackt hunn. Hätt een dann iwwerhaapt an esou engem Fall d'Recht op ee Remboursement?
"Nee, also duerch d'Hëtzt, dat ass net ofgedeckt. Ech mengen, wa lo wierklech Bränn sinn a sou Geschichten, en cas de force majeure, dat ass eppes Aneres. Mä wann et méi waarm ass, dat kann een net versécheren an et kann een dann och net einfach zeréckkommen."
De Fernand Heinisch geet dann och dervun aus, datt sech déi extrem Hëtzt an der nächster Zäit rëm leeë wäert. A sollt een als Client awer veronséchert sinn, kéint ee sech ëmmer beim Reesbüro renseignéieren. Normalerweis géing een nämlech Leit sur place kennen, déi dann déi néideg Informatioune liwweren.