Moud, Modellen, Sozial Medien, Dogsitting an Immobilienagentin. D'Nadine Robert lieft mat hire 65 Joer alles aneres wéi eng roueg Pensioun.

D'Nadine Robert empfänkt mech bei hir Doheem op der Terrass. Scho vu wäitem wénkt si mir a besonnesch e breet Grinsen an e knallroude Brëll an Häerzform bleift a menger Erënnerung hänken. D'Lëtzebuergerin ass 65 Joer al an ass mëttlerweil fir hir ausgefalen Outfits bekannt. Dat war awer net aus enger Laun eraus.

"Ech war schonn ëmmer sou. Meng Clienten hu mech scho fréi e faarwege Papagei genannt, well ech éiweg vill Faarwen unhat. Ech hat och ni eng Ketten un, mee direkt dräi. Gott sei Dank hunn ech just zwee Oueren, soss hätt ech nach vill méi Ouerréng un."

Wéi si jonk war, wollt d'Nadine Robert eigentlech Moudgrafik léieren a war souguer schonn zu München ugeholl. D'Liewen hat dunn awer en anere Plang fir déi deemools jonk Erwuessen.

Mat Moud grouss ginn

Dem Nadine Robert hir Mamm hat e Kleedergeschäft an der Stad. Deemno war Moud an der Famill ëmmer schonn e Sujet. Wou si eigentlech hire Moud-Studium ufänke wollt, ass hir Mamm uerg krank ginn an e puer Méint drop verstuerwen. "Et war eng schwéier Zäit. Déi Zäit konnt hätt ech mech net op e Studium konzentréiere kënnen. Dunn hunn ech einfach de Buttek iwwerholl."

D'Léift zu der Moud ass och hei net verschwonnen. D'Nadine Robert huet du fir sech selwer oder fir Bekannte Kleeder gebitzt. "Ech hätt et bestëmmt och professionell gutt gemaach. Mee d'Schicksal wollt et eben anescht."

Haut bitzt d'Nadine Robert hir Kleeder net méi selwer. D'Stoffer wieren nämlech esou deier ginn, dass et sech net méi lount an zu Lëtzebuerg géif et och guer kee Stoff-Buttek méi ginn. D'Bitzmaschinn hätt si awer ëmmer nach, dat war nämlech e Kaddo vun hirer Mamm fir Kleeserchersdag.

Modelkarriär mat 62

Am Laf vun hirem Liewen huet d'Nadine Robert ëmmer rëm de Beruff gewiesselt. Mat 62 dunn huet si alt nees eng nei Geleeënheet an ergräift déi och direkt.

"Ech souz op enger Terrass, do schwätz eng jonk Persoun mech un. Et war d'Kimberly Doerfel. Si war amgaangen eng Campagne ze dréine fir hir Kollektioun an huet einfach gefrot, ob ech do wéilt matmaachen. Ech hat jo näischt ze verléieren, also hunn ech einfach Jo gesot."

Zanterdeem gëtt d'Nadine Robert ëmmer rëm gefrot, fir bei Campagne matzemaachen.

Model mat mëttlerweil 65, dass wier kee Problem. Si géif sech och net esou al fillen.

"Ech vergiesse mäin Alter just heiansdo. D'lescht Kéier krut ech zum Beispill den Text fir e Spot, dee mir dréine sollten an do sollt ech d'Bomi spillen. Dat hat ech awer sou direkt net verstanen, well ech mech net wéi eng Bom fillen, obwuel een a mengem Alter jo tatsächlech scho kann Enkelkanner hunn", erzielt d'Nadine Robert am Laachen.

D'Fra huet weder Kanner nach Enkelkanner, dofir kéim hir dat net esou direkt an de Kapp. Si ëmgëtt sech am léifste mat Hënn. Jorelaang huet si selwer Hënn gehat, wou déi dunn awer verstuerwe sinn huet si decidéiert just nach Hënn ze versuergen. An d'Bud ass ëmmer voll, wéi si verréit. Modellen an Dogsitte sinn awer net déi eenzeg Fräizäitbeschäftegungen.

Toleranz an Akzeptanz fir Jiddereen

D'Nadine Robert krut vu Baussen ëmmer méi Komplimenter fir hiren ausgefalene Look. Iergendwann huet si dunn decidéiert och op soziale Reseauen aktiv ze ginn. Dat awer net prioritär fir sech selwer an Zeen ze setzen, mee anere Mutt ze ginn.

"Ech fannen et wichteg, dass jiddereen esou ka sinn, wéi e wëllt. An dass een och esou akzeptéiert gëtt. Wann ech mech a mengen Outfits weisen, dann an der Hoffnung engem de Courage ze ginn, dass och hien oder hat sech esou weist, wéi en ass oder wéi e wëll sinn."

D'Nadine Robert huet sech schonn ëmmer ugedoen, wéi et hir gefält. "Ech weess, dass ech net ausgesi wéi eng typesch Marie-Gelatine. Däers sinn ech mir haut och bewosst a notzen et als eng Stäerkt.

Si hätt awer och dacks Remarke kritt, déi hir net egal waren. "Chrëschtbeemchen, Steinhäuser, an d'Faarfkëscht gefall oder faarwege Papagei. Dat si Bemierken, déi een net einfach mat engem Gummi ewechwëscht."

D'Nadine Robert fënnt et einfach net richteg, wann ee fir säin Ausgesinn, seng Hautfaarf oder eng Behënnerung blöd gekuckt oder attackéiert gëtt. Op hirem Tiktok-Account wëll si einfach weisen, dass et och ok ass anescht ze sinn an dass all aneren dat akzeptéiere soll. Ganz nom Motto: Liewen a Liewe loossen.

Zum Ofschloss e klenge Funfact: D'Nadine Robert besëtzt ganz vill ausgefale Brëller. Et wier awer wéi bei den Tallekeschong - Wat méi ausgefalen, wat méi onbequeem. Deementspriechend gräift si Doheem ganz gären op e ganz banale Brëll zeréck, deen dofir awer tipptopp op der Nues sëtzt.