"Luucht aus, Stären un!" huet et e Samschdeg den Owend vun 18 Auer bis Hallefnuecht am Parc Housen geheescht, organiséiert vum Naturpark Our.

Op dësem Event fir Grouss a Kleng waren, wéi den Numm et scho verréit, d'Haaptthemen: Astronomie, den natierlechen Nuetshimmel, Nuetslandschaften, Liichtveschmotzung souwéi d'Déieren- a Planzewelt an der Nuecht.

Fir dass den Himmel op deem Owend méiglechst däischter an net vun anere Liichtquelle beaflosst gëtt, ware wärend dem kompletten Evenement d'Luuchten am Parc Housen aus.

Gebuede goufen thematesch Workshoppen, wéi eng mini Täscheluucht bastelen oder Käerzen, et goufe spannend Gutt-Nuecht-Geschichten am Tipi-Zelt erzielt, et gouf e mobille Planetarium vum Nationalmusée fir Naturgeschicht an et waren och sëllegen Astronome sur place. Donieft konnt een op eng Stärewanderung matgoen, Klanglandschaften am Däischteren oder enger Klanginstallatioun nolauschteren wéi och eng interaktiv Ausstellung bewonneren.