Vill Gemengen, Caféen a Baren hu sech d'Méi gemaach, fir hire Visiteuren eng kënschtlech Plage unzebidden.

E Konzept, wat een aus grousse Stied kennt an och hei gutt ukënnt.

Stad Lëtzebuerg

D'Theaterplaz an der Stad huet sech 2019 fir d'éischte Kéier an d'Theaterplage verwandelt. "Et ass eng ganz schéi Plaz, mä wou näischt lass war", esou den Éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg Serge Wilmes, "fir eppes ze schafen, fir dass d'Leit heihinner kommen, hu mir eis ausgeduecht, eng Theaterplage ze maachen." 80 Tonne Sand goufen dofir op d'Theaterplaz transportéiert. Wann de Summer eriwwer ass, gëtt de Sand benotzt, fir Spillplazen a Sandkëschten opzefëllen oder fir lokal Chantieren ze beliwweren. De Recht vum Material – wéi Deko, Chalet oder Palmen – gëtt och weider benotzt vun de Servicer vun der VdL. Feelt just nach d'Waasser, fir sech ofzekillen. Dat soll an Zukunft an enger oppener Piscine op der Kockelscheier méiglech ginn, esou de Serge Wilmes.

Hesper Park Beach Club

RTL

Summer Feeling kann een och zu Hesper am Park erliewen: am Beach Club, zu deem eng Piscine gehéiert. Musek, Iessen, Drénken – an dat 7 Deeg op 7. De Robert Bologna këmmert sech ëm den Entretien. Eng Plage propper ze halen, ass méi Aarbecht, wéi eng Plaz ouni Sand. "Do muss ee moies fréi schonn de Sand an d'Blieder, déi dra falen, mat engem Staubsauger aus der Schwämm huelen", esou de Robert Bologna, "déi ganz Terrasse mat Waasser ofschwenken, well do leie Glacen an Iesssaachen um Buedem, fir dass dat nees propper ausgesäit."

Stauséi

Wien awer aus de Stied erauskënnt an d'Méiglechkeet huet, fir e bëssen ze fueren, deen dierf de Stauséi genéissen, dee gréisste Séi, dee mer hunn. De Sand ass hei éischter rar, dofir kann een awer schwamme goen, an dat op enger Fläch vun 3,8 Quadratkilometer.

Aner Plazen uechter d'Land

Et ginn also genuch Méiglechkeeten, och hei zu Lëtzebuerg vu Sonn a Sand ze profitéieren. Kënschtlech oder net, Sand oder Steng, hei déi meescht besichte Plagen am Land:

RTL

• Theaterplaz
• "Plage am Duerf" zu Diddeleng
• Iechternacher Séi
• Stauséi
• Op der Sauer zu Rouspert
• Réimech
• Dikrech Plage
• Iechternacher Plage
• D'Our zu Veianen

Dobäi kommen déi vill Beach Partyen uechter de Grand-Duché. Esou kann ee sporadesch dann och emol e Weekend Vakanz doheem maachen.