Fangerhutt- oder nach Guckucks- oder Botterblummen, dat alles si just e puer vun den typesche Blummenzorten, déi een kaum ze kafe kritt.

Soss ware si iwwerall a Wisen a Gäert uechtert Land ze fannen. Am Magazin stelle mer iech 2 Damme vir, déi hei zu Lëtzebuerg lokal Zorten nohalteg uplanzen a verkafen, ganz ouni Pestiziden a gehëtzten Zären. E Business, deen op saisonal a bio setzt an och fir méi Biodiversitéit suerge soll. D'Insekten a Blummefrënn freet et, rentéieren deet et sech net. Hinne geet et virop awer och drëms, hiert Wëssen iwwer Workshops an Ateliere weider ze ginn, datt esou Blummewisen, wéi ee se fréier kannt huet, iergendwann nees zum Bild vu Grand-Duché gehéieren.

Kuckt hei de ganze Reportage ronderëm d’Passioun vum Kate Greenwood an dem Stefanie Hildebrand.