D'Bettina Dorfmann aus Düsseldorf huet déi gréisste Barbie-Sammlung op der Welt

© AFP
Mam neie Barbie-Film erliewen och aner Leit en Hype. Sou wéi déi Däitsch Bettina Dorfmann, déi déi meeschte Barbie-Poppen op der Welt besëtzt.
Si war schonn am Guinness-Buch vun de Rekorder, ma elo interesséiere sech natierlech nees vill Leit fir hir riseg Sammlung u Barbien.
"Als Kand hunn ech ëmmer mat Barbië gespillt. Wéi ech d'Poppe fir mäi Meedchen nees erausgeholl hunn, wollt hatt se net well se net no sengem Goût waren", sou déi 62 Joer al Düsseldorferin. D'Poppen aus de 60er Jore waren eben net esou modern, se waren him ze al. "Dunn hunn ech ugefaangen, selwer ze sammelen", erzielt d'Bettina Dorfmann. Esou wiere Kandheetserënnerunge wakereg ginn.
Dat ass elo schonn 28 Joer hier. Bis haut sammelt si Barbie-Poppen a stellt se zäitweis och a Muséeën an a groussen Akafszentren aus. Do kommen alt och emol tëscht 5.000 an 20.000 Visiteuren zesummen, déi hir Ausstellung bewonneren. "Elo, mat der Sortie vum Film, do krut ech gesot, wier den Interessi nach vill méi grouss", sou d'Sammlerin, ouni eng präzis Zuel ze nennen. D'Demandë fir eng Expo mat hire Poppen, ma souguer dem Gezei, géife sech och elo heefen zanter enger Woch. Bis 2024 ass si dann och schonn ausgebucht.
Ma net just d'Sammlung mécht d'Bettina Dorfmann interessant. Si huet och nach eng "Barbie-Klinik". Nee, kee rosa Spidolsgebai aus Plastik, fir domat ze spillen. Si fléckt futtis Barbien. Dat kascht ëm 10 Euro, ma bei rare Modeller, do kann de Präis fir d'Reparatur scho bei 600 bis 600 Euro leien.
De Film huet d'Bettina Dorfmann iwwregens schonn 2 Mol gesinn a si fënnt e "super".