De 25. November seet de bekannte Moderator där Sendung fir ëmmer Äddi, déi hien zum beléiftste Showmaster vun Däitschland gemaach huet.

De 25. November moderéiert den Thomas Gottschalk déi leschte Kéier "Wetten, dass?". Dat huet den ZDF e Méindeg matgedeelt. Den 73 Joer ale Gottschalk gëtt esou zitéiert: "Um es mit George Harrison zu sagen: 'All things must pass', das gilt auch für mich und 'Wetten, dass..?'."

Hie begrënnt seng Decisioun domadder, datt d'Zäit vun der grousser Live-Ënnerhalung um Samschdegowend eriwwer wier. Dat wier awer net d'Enn vu senger Aarbecht als Moderator. Den ZDF huet erkläert, datt een zäitno decidéiere wéilt, wéi et mat der Sendung weidergoe wäert.

Den Thomas Gottschalk hat d'Show 1987 vum Frank Elstner, deen d'Format entwéckelt hat, iwwerholl a bis 2011 moderéiert. Vun 2012 bis 2014 hat de Markus Lanz den Job iwwerholl. 2021 an 2022 hat de Gottschalk d'Show jee eemol pro Joer moderéiert.

Déi lescht Sendung wäert zu Offenburg opgeholl ginn. Net derbäi wäert iwwerdeems d'Michelle Hunziker sinn. "Ech hunn déi éischt Show eleng moderéiert an ech wäert déi lescht eleng moderéieren", esou de Gottschalk vis-à-vis vun der "Bild"-Zeitung.