Lëtzebuerger si Weltmeeschter am blanne Wäischmaachen
D‘Zäit vun der Drauwelies réckt méi no an op der Musel preparéiert ee sech op déi ganz Wäifester am September.
Fir Verschiddener ass Wäin awer net nëmmen de gudde Patt an der Gesellschaft, mee eng Zort Sport: D‘ Zaïah an den Hervé Amann si fir Lëtzebuerg Weltmeeschter am blanne Wine-Tasting. Wéi een dozou kënnt, hu mir d‘Championne gefrot.
Déi kuerz Äntwert: Ganz vill Training, well d’Degustatioun ass eng Memoiresleeschtung. Vun der Faarf, iwwert d‘Textur, dem Geroch bis hin zum Goût- all dat gëtt dem Zaïah an dem Hervé Amann Indicen iwwert déi geografesch Origine, d‘Riefzort- also de Cépage, ob de Wäin aus engem waarme Summer ass oder net an eventuell souguer zum Wënzer. Zu zwee diskutéiere si hir Impressiounen a schreiwe sech hir Gedanken op. Am Training setze si sech en thematesche Schwéierpunkt a probéiere sech dann esou vill wéi méiglech Detailer zu de Wäiner aus enger bestëmmter Regioun oder Drauwenzort anzeprägen.
En 100-prozentegen Treffer, bei deem souguer d‘Joer richteg ass, ass zimmlech rar, awer net onméiglech, erkläert den Hervé Amman. Him selwer ass e well e puer Mol gelongen.
D‘Passioun fir Wäin deelt d‘Koppel zanter gutt 30 Joer. Deemools huet e Kolleeg se op de Blindtasting bruecht, den Hervé Amman huet doropshin nach e Wäibaustudium drugehaange. Als Team bei Kompetitiounen ass d’Koppel elo 13 Joer ënnerwee. Konkurrente wiere si awer ni, laacht d’Zaïah Amann, si géinge sech u sech zimmlech gutt ergänzen. Et wier ee sech an den allermeeschte Fäll eens iwwert déi geschmaachte Wäiner.
Wäischmaachen heescht iwwregens net och alles drénken—hei gëtt nom Tasting rausgespaut.
D‘Zaïah an den Hervé trieden net méi bei de Weltmeeschterschaften un, trainéieren awer lo déi nächst Ekipp. Hiren Tipp fir d‘Ufänger: “Y aller en confiance, se faire plaisir et multiplier les expériences!”