Wien trëtt fir RTL bei der zweeter Staffel "Ausgesat" un?
Zwou Ekippen triede rëm an enger Rees ouni Plang géinteneen un. Si mussen de Rucksak paken, ouni d'Destinatioun a souguer ouni hire Co-Ekippier ze kennen.
Ouni Handy a mat limitéiertem Budget moossen d'Ekippe sech an den ënnerschiddlechsten Challengen.
An dëser Staffel gëtt et awer eng grouss Neiheet: Jiddereen hat d’Chance, bei "Ausgesat" dobäi ze sinn. 782 Leit hu sech op eise Casting-Opruff am Januar gemellt – 2 dovun hu mer matgeholl. D’Casting-Kandidate krute jeeweils eng RTL-Persoun un d'Säit gestallt, déi se eréischt um Fluchhafe kennegeléiert hunn.
D’RTL-Kandidate sinn de Raoul Roos an de Loïc Juchem. Si wëssen net, wie si un d’Säit gestallt kréien.
Den éischten Episod vun der zweeter Staffel "Ausgesat" de 7. September 2023 um 19 Auer op RTL Télé an op RTL.lu. E Portrait vun de Kandidaten an e Behind the scenes iwwert de Casting erwaarden Iech an den nächste Wochen am Magazin.
Déi éischt Staffel "Ausgesat" kënnt Dir Iech um RTL Play nach eng Kéier ukucken.