Wéi wier et da mol mat engem klengen Tierche mam Boot iwwert eise schéine Stauséi?

Nach bis den 1. Oktober proposéiert den Naturpark Uewersauer all Dag, ausser Méindes, d'Méiglechkeet de Lac mol aus enger anerer Perspektiv ze gesinn an dat mam Solarboot.

Summer-Agenda: Mam Solarboot um Stauséi

Begleet gëtt een hei vun engem Guide, deen engem eng ganz Partie Informatiounen an Explikatiounen zu der Natur, der Geologie, dem Waasser an dem Solarboot selwer gëtt. De Jean-Marie Reimen, Responsabel vum Service technique beim Naturpark Uewersauer:

"Dee ganzen Tuer, dee mer elo do maache mam Boot, deen dauert ongeféier 2 Stonnen. Mir fueren dëst Joer elo zu Lëlz fort, normalerweis ass den Depart zu Ënsber. Mir fueren eng Stonn ongeféier. Dono gi mir ënnerwee dann nach den Naturschutzzenter vum Buerfelt kucken, do kréie mer och nach weider Informatiounen zu der Natur, zu den Déieren an da fuere mer zréck op Lëlz."

Nieft dësem, soe mer mol, normalen Tuer mam Boot, besteet awer och nach d'Méiglechkeet dee ganzen Tuer als Amphibientuer ze maachen. Do beweegt ee sech da souwuel um Waasser wéi u Land.

"Dat heescht mir fuere mam Boot eng Stonn. Um "Bärel" gi mer dann erausgelooss an da kënne mer do 8-9 Kilometer ze Fouss zeréck trëppelen duerch e flott ausgeschëlderte Wanderwee. Fir déi ganz Tuer soll een dann awer och 3 bis 4 Stonne rechnen."

Bis den 1. September ginn et nach 3 Faarten den Dag, Moies um 10 Auer, Mëttes  um 13.45 Auer an Nomëttes um 16 Auer. Vum 1. September un ass dann nach eng Faart den Dag, déi ass Nomëttes um 15 Auer.

Umelle fir en Tuer mam Solarboot kann ee sech beim Naturpark Öewersauer. A weider Informatioune fënnt een op www.naturpark-sure.lu.

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Méindeg: Fotoexpo Nature’s Luxembourg Veianer Schlass

Den Tipp vun en Dënschdeg:  Op Entdeckungsrees an der "Schlammwiss"