Mam "Leading Quality Trails"-Präis zeechent déi europäesch Wandervereenegung all Joer Wanderweeër uechter Europa aus.

De Mullerthal Trail gouf elo scho fir déi véierte Kéier hannerteneen an deem Kader geéiert.

Wanderweeër, déi de Präis wëlle kréien, mussen eng Rei Qualitéitsstandarden erreechen. Ënnert anerem spillt et dofir eng Roll, wéi gutt de Wee ausgeschëldert ass a wéi ofwiesslungsräich en ass. Positiv op de Score wierkt et sech och aus, wann et laanscht de Wee kulturell Attraktiounen, Plaze fir ze Raschten an Accès zum ëffentlechen Transport gëtt.

De Präis gouf entgéintgeholl vum Christophe Oringer, dem President vum Tourismusverband vun der Regioun Mëllerdall.

De Mullerthal Trail ass alles an allem eng 112 Kilometer laang, opgedeelt an dräi Routë vun 38, 37 a 37 Kilometer.

RTL

© Office Régional du Tourisme Région Mullerthal