Viru knapp engem Joer ass d'Queen Elizabeth II. no 70 Joer um Troun gestuerwen.

Elo huet déi brittesch Regierung an de Palais e Comité domadder beoptraagt, Virschléi fir ee Monument an e Gedenkprogramm auszeschaffen.

Wéi et vun offizieller Säit heescht, soll déi "passend Unerkennung" fir d'Elizabeth II. 2026, am Joer vun hirem 100. Gebuertsdag, devoiléiert ginn.

D'Presidence vum neie Gremium huet de fréiere Privatsekretär vun der Queen, Robin Janvrin. Hien huet seng Nominatioun op dës Plaz als "eng Éier" bezeechent. Héichrangeg Membere vun der Kinneksfamill, Politiker an Experte sollen och zu Membere vum Comité ernannt ginn. De Gremium wäert da seng Recommandatiounen un de Kinnek Charles III. an de Premier Rishi Sunak weiderginn.

D'Queen war den 8. September 2022 no 70 Joer um Troun am Alter vu 96 Joer gestuerwen.