D'Kandidaten zeréck zu Lëtzebuerg
Wéi war et am Senegal a wat hu si am meeschte vermësst? Dat verroden eis de Raoul, d'Jackie, de Maurizio an de Loïc bei hirer Arrivée um Findel.
Si hu sech duerch gekämpft: méi wéi 4.000 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech, ouni Suen an ouni Handy. Eng Rees ouni Plang am Senegal – dat war déi 2. Staffel vun Ausgesat, déi leschte Freideg op en Enn gaangen ass. D'Gewënner sti lo fest. Ma wéi et dem Jackie, dem Raoul, dem Loïc an dem Maurizio bei hirer Aventure an Afrika ergaangen ass, an op wat si sech heiheem am meeschte gefreet hunn, dat hu si eis bei hirer Arrivée um Findel verroden.
Revue passéieren, wat d'Kandidate vun Ausgesat alles am Senegal erlieft hunn, kënnt Dir och weiderhin op RTL Play. Insider zur Sendung kritt Dir am Podcast "Ausgeschwat".
Ee klenge Bléck hannert d'Kulisse vun den Dréiaarbechte vun Ausgesat kritt Dir an der Foto-Galerie.
A wien nach net genuch huet vun de véier Kandidaten: e Freideg, den 20.Oktober, um 19 Auer si si nach eng Kéier am Live! Planet People op der Tëlee zu Gaascht.