Wéi mir beim Akafen ugeschmiert ginn
"Shrinkflatioun" gëtt zesummegesat aus dem Englesche “shrink”, also schrumpfen, an Inflatioun. D’Quantitéit vum Produit geet also erof, de Präis awer net.
Wéi eng Produiten si vun deene verstoppte Präiserhéijunge betraff? A wéi kann een se erkennen? Alles gëtt méi deier. A Krisenzäiten näischt Neies. Ma bei verschiddene Produite mierke mir et net direkt. Well d’Verpakung déi selwecht bliwwen ass, de Präis och, ma den Inhalt awer net. Da sinn op eemol am Plaz vun 150 Gramm, nëmmen nach 130 dran. Oder et feelen einfach 280ml an der Fläsch Weichspüler. "Shrinkflatioun" nennt een dat. E Phänomen, wat et scho méi laang gëtt, ma just lues a lues am Bewosstsinn vun de Clienten ukënnt.
An engem Akafszentrum hu mir d’Leit op dës Praxis ugeschwat. Déi Mannst wousste Bescheed, respektiv kucken net sou genee hi beim Akafen. An dorobber schéngen d’Hiersteller ze spekuléieren, wa se ganz diskret d’Präisser erop setzen andeems se d’Quantitéit vum Produit erofsetzen.
Bei wéi enge Produite gëtt gefuddelt?
D’Lëscht vun de betraffenen Artikele geet "vu bis". Wäschmëttel, Margarine, Déierefudder...Besonnesch heefeg kënnt Shrinkflatioun awer bei Séissegkeeten a Snacks, a generell bei gréissere Marke vir. Den Haaptgrond: klammend Produktiounskäschten, déi d’Hiersteller net méi eleng opgefaange kréichen.
Fir sech géint dës Praxis ze wieren, huet de franséische Grupp Carrefour sech eng afale gelooss. Zanter Ufank September mécht een an de Grande-Surfacë mat klenge Schëlder op déi Produiten opmierksam, déi vu Shrinkflatioun betraff sinn. "Nous nous engageons à renégocier ce tarif", kann een ënnert anerem drop liesen.
D’Hiersteller sinn also déi Béis an där Geschicht? Ganz esou einfach ass et awer net. De Commerce, also och d’Supermarchéen, sinn nämlech en Deel vum Problem. Si leeën d’Präisser fest a wëllen se déi net unhiewen, mussen d’Produzenten op enger anerer Plaz spueren – wéi ebe bei der Quantitéit.
E Gesetz géint "Shrinkflatioun"?
Ma egal wéi een et dréint, et ass de Konsument deen de Kierzeren zitt. Dofir ginn z.B. an Däitschland an an Éisterräich éischt Stëmmen haart, déi méi Transparenz fuerderen. An a Frankräich wëll de Wirtschaftsminister Bruno Le Maire souguer gesetzlech géint d’Shrinkflatioun virgoen. Hei a Lëtzebuerg wier dat méi schwiereg, esou déi nach aktuell Konsumenteschutzministesch Paulette Lenert. Eng europäesch Léisung wier néideg.
Paulette Lenert: “Zu Lëtzebuerg si mir retizent an esou Domainen ze légiféréieren, well mir ganz vill Produiten hunn, déi net bei eis produzéiert ginn. Dat heescht dat wat hei um Maart ass, kënnt vun alle Richtungen bei eis eran. Dat wat mir iwwert eis Legislatioun kënne reegelen, dat wiere just déi Produktiounen hei, an dat huet net wierklech deen Impakt.”
Iwwer 470 Reklamatiounen hätt een dëst Joer beim Konsumenteschutzministère era kritt, esou de Patrick Wildgen, Shrinkflatioun wier awer nach keen Thema gewiescht. Trotzdeem réit hien dozou, mat oppenen Aen duerch d’Rayonen ze goen. Och wann esou verstoppte Präiserhéijungen net schéi si fir de Client, wier d’Praxis vun der Shrinkflatioun ganz legal.
Patrick Wildgen, Konsumenteschutzministère: "Dat ass de Prinzip vum fräie Marché, géif ech soen, dass all Produzent a Commerçant seng Präisser fräi ka fixéieren. An et ass d’Konkurrenz, déi mécht, dass d’Präisser a Schach gehale ginn."
Wéi erkennt ee vu “Shrinkflatioun” betraffe Produiten?
D’Produzente wiere réischt dann net méi reegelkonform, wa se déi nei Quantitéit net op d’Verpackung géife schreiwen. An dorunner hale se sech an der Reegel. Dofir ass de besseren Indicateur, fir fest ze stellen ob e Produit méi deier ginn ass, de Präis op de Kilo, respektiv op de Liter, ze kucken. Dat funktionéiert awer och just wann ee sech nach drun erënnert, wat den ale Kilo-Präis war. Soss huet ee keng Referenz mat där ee vergläiche kann. An deem Fall ass een den Tricksereie vun de Produzente quasi ausgesat.
Dofir ee leschten Tipp: huet e Produit en neien Design, eng nei Etikett, a versprécht "nach besser" ze sinn oder eng "nei Rezeptur" ze hunn, da kann et sinn, dass een an engems dovu profitéiert huet fir manner an de Pak ze fëllen.
Passt an Zukunft also mol op. Vläicht fält iech jo och op, dass Äert Wäschmëttel net méi grad sou laang hält wéi soss, oder eng Scheif Kéis manner am Pak ass. Dann sidd Dir héchstwarscheinlech ugeschmiert ginn.
Natierlech hätte mir och gär eng Stellungnam vu gréissere Supermarchéen oder Liewensmëttel-Hiersteller zu Lëtzebuerg kritt, mee een Interview konnt een – oder wollt een – eis net ginn.