Datt de Lëtzebuerger gären iesse geet, ass kee Geheimnis. Grad sou wéi en, an der Reegel, och net beim Drénkgeld knéckt.

An Zäiten, wou een awer villes mat der Kaart bezilt, d'Liewen ëmmer méi deier gëtt, freet ee sech awer, ob dat mam Drénkgeld nach ëmmer sou ass. Bal 18 Joer schafft den Nico Heinen elo schonn an der Gastronomie an do wier et mam Drénkgeld och konstant biergof gaangen, och scho virun de leschte Krisen. No Covid hätt d'Situatioun sech awer nach emol verschlechtert, well aktuell bal just nach mat der Kaart bezuelt gëtt.

Haut ass et een Drëttel vun deem Montant, deen ee soss um Enn vum Mount als Drénkgeld erauskrut. Dem Christophe Diderich seng Firma geréiert eng Partie Restauranten an, datt Leit haut Drénkgeld ginn, wier him no scho bal d'Ausnam. Dofir hat een e Pilotprojet lancéiert, fir d'Clienten ze motivéieren, puer Euro nach zousätzlech fir de Service dozeloossen. Et hat een am Bezuelsystem extra eng Tëschenetapp agestallt, wou d'Léit konnten aginn, ob si Drénkgeld ginn oder net an och dunn ass Drénkgeld net wierklech an d'Luucht gaangen.

Zu Lëtzebuerg sinn all d'Taxen am Präis, deen een am Restaurant bezilt, mat abegraff an do fält och de Service drënner, betount den Alain Rix, President vun der Horesca. Et wier deemno kee Muss, Drénkgeld ze ginn. Och hie seet, et gëtt es ëmmer manner, mee d'Lëtzebuerger wieren awer nach ëmmer relativ generéis a wa se zefridde sinn, da géinge si och gär eppes ginn.

Et misst een awer och en däitlechen Ënnerscheed tëscht Caféen, Restaurant a richteg schicke Restaurante maachen. Dernieft réit den Alain Rix, datt een d'Drénkgeld soll a Form vu Cash ginn.