Am Live! Planet People geet et e Freideg ëm e Kachbuch, eng nei Zirkusshow an Hip-Hop.

Am neie Buch vun der Fernsee-Kächin Theresa Baumgärtner freet si sech iwwert den Hierscht a Wanter a mécht et sech gemittlech. D'Spiegelbestsellerautorin schafft hei mat allem, wat d'Natur hir bitt a Freed mécht. Et gëtt gekacht, gebak, gebastelt an dekoréiert. Am Hierscht profitéiert ee vun de schéine Faarwen vun Orange iwwer Rout bis Gold, an am Wanter leet sech eng wäiss Decken iwwer d'Natur.

Am Buch fënnt ee Rezepter fir eng Kalbasszopp a frëschgebakent Brout. D'Theresa erënnert un déi eenzegaarteg Stëmmung a Schottland an hëlt eis mat an déi romantesch Natur vun den Highlands.

PARAISO nennt sech déi nei Show vum Cirque Bouffon. Bis den 19. November steet de Chapiteau op der Foiresplaz zu Tréier. Den Zirkusdirekter Frédéric Zipperlin begréisst Kënschtler, déi eng poetesch Dramwelt voller Magie verspriechen. An all Virstellung gëtt eng Mëschung aus Artistik, Komik, Theater an Danz gebueden.

Als Member vum fréiere Cirque du Soleil suergt den Zipperlin mat sengem Ensembel fir aussergewéinlech Impressiounen, Humor an eemoleg Emotiounen. Mol faarweg, méi däischter oder ganz hell. Mol ass et haart, lëschteg oder mol ginn ganz lues Téin ugeschloen.

"Flowmaart'"ass den Numm vun enger neier Hip-Hop Formatioun, déi ee sech gutt verhale soll. Zesumme mam Fuuss, Däiwel, T-Way, Pyeah a Lutte hu si elo 11 Lidder geschriwwen a vu "Back in The Days" gëtt et elo e Video. Flowmaart ass awer och de Kënschtlernumm vum Kapp vun der Band, dee schonn zéng Joer an dëser Museksrichtung ënnerwee ass. An der Reegel mécht hien zwee bis dräi Beats den Dag. Fir hien ass et méi wéi en Hobby, schonn éischter eng Beruffung.