Eurodreams: En neit Gewënnspill an Europa
Lëtzebuerger Spiller kënne sech op en europäescht Glécksspill mat neiem Gewënn-Konzept freeën.
Eurodreams ass dat neit Lotterie-Spill, dat vun haut un iwwerall hei am Land ze fannen ass. D'Spill-Konzept ass net vill anescht wéi bei anere Lotterie-Spiller. Fir ze gewannen, muss een déi Zuelen an der Grille ukräizen, déi spéider beim Tirage au Sort gezu ginn.
Den Ënnerscheed läit beim Ausbezuele vum Gewënn, dat elo nämlech an Annuitéite geschitt. Wann een déi richteg Zuele bei Eurodreams gezunn huet, kann ee bis zu 20.000 Euro pro Mount wärend 30 Joer gewannen also am Total 7,2 Milliounen Euro.
Um Glécksspill huelen am Ganzen aacht europäesch Länner deel: Lëtzebuerg, Frankräich, d'Belsch, Spuenien, Portugal, Éisträich, d'Schwäiz an Irland. E Lotterie-Schäi kascht 2,50 Euro. Ze kafe kritt een se a Caféen, Tubaksbutteker, Kiosken, Supermarchéen an op loterie.lu.