Et ass eng vun de Stied, déi am meeschten un architektoneschem an historeschem ze bidden huet. Roum - d'Haaptstad vun Italien an der Dolce Vita.

Eng Plaz op eisem Planéit, déi bei den Touristen extrem beléift ass an dëst nëmmen 2 Fluch Stonne vu Lëtzebuerg ewech. Italien ass ënnert den Top Fënnef vun de beléiftste Vakanzen Destinatioune bei de Lëtzebuerger.  An Zentrum vu Roum fënnt een dat spirituellt Häerz vun de Katholicken - de Vatikan. De klengste Staat vun der Welt huet 2022 ëmmerhi 5 Millioune Visiteuren an de vatikanesche Muséeën ugelackelt. Op der berüümter Place Saint Pierre, wou ëmmer de Poopst verkënnegt gëtt, fënnt een e lëtzebuergesche Fändel, ugehale vum Vincenzo, deen zu Déifferdeng gebuer ass a seng ganz Jugend zu Lëtzebuerg verbruecht huet. Hien ass professionelle Guide a schwätzt e puer Sproochen. An eisem Reportage encadréiert hien eng Grupp däitsch Touristen, déi hie just duerch eise Fändel zeréckfannen an dat 1.250 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech. Obwuel hie mëttlerweil zu Roum wunnt, ass de Vincenzo nach ëmmer staark mat senge lëtzebuergesche Wuerzele verbonnen.

Dem Vincenzo no ass Roum déi schéinste Stad, déi et gëtt. D'Touristen aus aller Welt behaapten och net de Géigendeel. Jiddereen ass vum Charme vu Roum begeeschtert. Den historeschen Zentrum vu Roum an de Vatikan gehéieren zum Weltkulturierwen. Déi italieenesch Haaptstad huet déi gréisst Bevëlkerung vun de Stied an Italien an och déi gréissten Ausdeenung vun den europäeschen Haaptstied.

Bekannt duerch déi schéinste Film-Kulissen, ass Roum eng mystesch Stad, déi d'Visiteuren an d'Pilger faszinéiert duerch dee reliéise Patrimoine, d'Geschicht an d'Kultur. Déi meescht Lëtzebuerger verbréngen hir Vakanz an Europa. Lescht Joer hu se am Duerchschnëtt 1.572 Euro ausgi fir 9 Iwwernuechtungen an Italien. Zanter 25 Joer ass dës Attraktivitéit bei de Lëtzebuerger stabil. Dobäi ass Roum weltwäit beléift. Roum ass déi meescht besichten Haaptstad vun Touristen aus der ganzer Welt.

Wärend Joerdausende war Roum Zeie vun der Antik bis haut. Roum huet d'Geschicht entscheedend vun Europa beaflosst an och d'Konscht ewéi d'Architektur nohalteg gepräägt. Roum, och nach déi éiweg Stad genannt, huet nach vill antik Iwwerreschter esou ewéi de Kollosseum. Den archeologesche Park vun dësem giganteschem Amphitheater, wou emol Gladiatoren géintenee gekämpft hunn, ass haut deen zweet gréissten an och deen zweet meescht besichte Kultur-Komplex an Italien.

En aussergewéinlecht réimescht Kultur Ierwen - 13 Stonne mam Auto vu Lëtzebuerg ewech. Italien ass awer och eng beléiften Destinatioun fir eis italieenesch Awunner aus dem Grand-Duché. Iwwer 23.000 Italieener wunnen zu Lëtzebuerg. Italien ass awer bei all de Lëtzebuerger beléift. Vill Rees Agencen zu Lëtzebuerg hu festgestallt, dass d'Demande, fir an Italien ze goen, an d’Luucht gaangen ass, an dat ëm 21 Prozent tëscht 2022 an 2023. D'Land gehéiert  zu de meescht beléifte Vakanzendestinatioune vun hire Clienten.

An och wéinst senger Gastronomie ass Italien bei den Touriste beléift. 39 Prozent vun den Depensë ginn d'Lëtzebuerger fir Aktivitéiten an Iessen aus an hirer Vakanz. Do bitt Italien eng grouss Palett u verschiddene Goûten un, déi an der ganzer Welt unerkannt sinn. D'Lëtzebuerger ginn am Duerchschnëtt 179 Euro pro Iwwernuechtung an Italien aus an dat am Duerchschnëtt 9 Deeg laang. Italien bleift domadder eng gënschteg a zougänglech Rees Destinatioun am Verglach mat aneren europäesche Länner.

Beléift fir seng aussergewéinlech Liewensaart, seng Geschicht a säi Räichtum, ass a bleift Italien dat Land, wat fir seng Energie bekannt ass a fir déi meeschte Sitte vum UNESCO-Weltkulturierwen.