Geeschter, Skeletter an e Mini-Selenskyji. Dëst Joer huet sech den Antony Blinken eppes ganz Besonnesches afale gelooss.

Fir d'Halloween-Party am wäissen Haus huet den US-Ausseminister Antony Blinken säi Bouf als ukrainesche President Wolodymyr Selenskyji verkleet. Dee Klengen hat e grénge Sweatshirt mat engem klengen US-ukrainesche Pins an eng olivegréng Box un.

Och de Kostüm vum Blinken senger Duechter huet e Statement gesat. Mat engem bloe Kleed an engem gielen Halsduch war hatt an de Faarwe vum ukrainesche Fändel ugedoen.

D'Evenement vun dësem Joer stoung ënnert dem Motto "Hallo-READ". Ageluede waren ënnert anerem Kanner aus ëffentleche Schoulen a Militärfamilljen. D'First Lady Jill Biden an eng Partie Regierungsvertrieder hunn de Kanner virgelies an et goufe Bicher verschenkt.