JO! Ech wëll – den Hochzäitsbusiness zu Lëtzebuerg
Dëse Weekend ass Hochzäitsfoire an der Luxexpo an an dem Kader hu mir Leit getraff, déi mat hirer Iddi um Hochzäitsmarché aktiv sinn.
Eleng 2022 gouf sech 2.475 Mol bestuet, dat Joer virdrun 1.945 Mol. A meeschtens gehéiert zum Bestueden och e Fest, egal ob grouss oder méi kleng. Wann ee beim organiséieren e bëssen Hëllef brauch, da kann een op den Internetsite letzmarry.lu goen. Hei si sämtlech Prestatairë regroupéiert an et kann ee sech duerch verschidden Annoncë klicken. Sou vergësst een näischt an et kann ee Schratt fir Schratt säin Event organiséieren. D'Iddi kënnt vum Anne Mathes a Madi Lutgen. Déi zwee wëssen, datt de Lëtzebuerger Marché speziell ass an dofir wier sou e Site noutwenneg gewiescht.
Eng Hochzäit kascht an der Reegel tëscht 30.000 a 40.000 Euro. An d'Geld schléit och den Hochzäitsrack an dofir hu sech d'Sarah El Khal an d'Deborah Heinen geduecht e Geschäft mat Secondhand-Brauträck misst een zu Lëtzebuerg hunn. Si verkafen Hochzäitsräck a Cocktailkleeder a behale 40 Prozent vum Verkafspräis. Et kann ee bei hinnen d'Räck ofginn oder einfach dohinner akafe goen. Eng ganz Partie vun hire Räck sinn awer och nach ganz nei, dës kréie si da vun engem Geschäft, dat d'Räck net méi verkeeft, well se vun der aler Kollektioun sinn.
Wann ee seng Hochzäit plangt, ass et wichteg, direkt am Ufank ze decidéieren, ob ee seng Hochzäit gäre selwer organiséiert oder ob een op d'Hëllef vun engem Hochzäitsplaner wëll zeréckgräifen. D'Lynn Weistroffer mécht dat elo schonn 12 Joer an huet schonn iwwer 200 Hochzäiten op d'Bee gestallt. Mëttlerweil ass den Trend, datt d'Hochzäiten erëm méi kleng a méi intim ginn. D'Koppele wéilten dësen Dag méi genéissen a feieren dofir just mat hiren Enksten. Fir eng Hochzäit ze organiséieren, ass d'Lynn an der Reegel 300 Stonnen amgaang.