Eng Serie iwwert Lëtzebuerger, déi am Ausland en neit Liewen ugefaangen hunn, wäit ewech vun doheem.

Nico Nicks

Den Nico Nicks geet schonn zënter 47 Joer an d'Fieschertal. De gréissten Deel vum Joer verbréngt hien do an den Alpen. Den Néckel, wéi hien nach genannt gëtt, geet awer net just fir ze wanderen oder fir Schi ze fueren an d'Schwäiz, mä och fir Paragliding.

Deborah

D'Deborah huet sech 2013 dofir entscheet, op Paräis ze plënneren. Et bedeit hir vill, am Kuelesecteur vun der franséischer Haaptstad ze schaffen. Si schafft virun allem fir e professionellen Danzgrupp zu Paräis, realiséiert awer och eege Projeten als Choreographin, an ass als diploméiert Danz-Proff ënnerwee.

Louis Besch

Am Wëllwaasserkanal zu Dikrech huet de Louis Besch Paddele geléiert an heihinner kënnt hien och ëmmer nees gäre fir ze trainéieren. A fir d'Kolleegen erëmzegesinn, wou et elo ganz vill ze ziele gëtt. Dat lescht Schouljoer war den 18 Joer ale Sportler nämlech mat enger amerikanescher Travelling School direkt op véier Kontinenter ënnerwee.

Hien hat een originellt amerikanescht Konzept fonnt an esou war seng Schoul op der ganzer Welt, de Kayak seng Schoulbänk. Op senge kuerzen Ofstiecher heem op Lëtzebuerg hu mir de leidenschaftleche Paddeler getraff.