Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm d'Memoire vum Marlene Dietrich, eng Masterclass am witzeg sinn an ëm d'Liewen als beschäftegte Museker.

Wann d'Claudia Michelsen als Kommissarin am "Polizeiruf 110" op der däitscher Televisioun ze gesinn ass oder an der Serie "Ku'damm" d'Caterina Schöllack spillt, déi zu Berlin eng Danzschoul féiert, da schalte Millioune Leit an. An och Präisser wéi d'"Goldene Henne" oder de "Grimme-Preis" a vill Nominéierunge fir d'"Goldene Kamera", den "Deutscher Fernsehpreis" oder de "Bambi" schwätze fir sech. Awer och op der Bün fillt si sech wuel an huet zum Beispill zesummen mam Jan-Josef Liefers an "Die Unmöglichen" iwwerzeegt. Dëse Freideg liest si am Cube zu Maarnech aus de Memoiren vun der Marlene Dietrich vir.

De Yacine Belhousse steet net just als Comedian op der Bün, mä hält den 12. November och eng Masterclass zu Déifferdeng. A sengem neie Spektakel versicht hie mat Humor a Philosophie den Duercherneen vu sengem perséinleche Joer opzeschaffen. Dat geet vun der Ukënnegung vum Krich an der Ukrain, bis hin zu sengen eegenen sentimentale Problemer, awer och d'Zukunft vun der Mënschheet interesséiert hien an thematiséiert dat a sengem Programm, awer net ouni eng grouss Portioun Witz eranzebréngen. Den 10. November steet hien eleng op der Bün an 2 Deeg méi spéit gëtt hien säin Wëssen an d'Technik virun.

Wann een am Virprogramm vum James Morrison, Clueso oder Passenger gespillt huet, gëtt d'Loft zu Lëtzebuerg iergend eng Kéier dënn. Dem Josh Island säin aktuellen Album heescht "In My Head" an de leschte Concert vu senger Europatournée ass den 11. November zu Diddeleng. Do virdrun war hien zanter August op e puer Festivallen an huet ënnert anerem zu Eupen, München, Kiel, Hamburg a Berlin gespillt. Hien ass net just en iwwerzeegten Europäer, mä hie lieft dat. Seng brittesch Wuerzele leien zu Milton Keynes. An enger hollännescher Famill ass en opgewuess, awer och Däitschland war eng Statioun, ier hien zu Lëtzebuerg seng Heemecht fonnt huet.