An der LuxExpo
Dëse Weekend ass nees de Salon du Mariage um Kierchbierg
Vum Hochzäitskleed, iwwer d'Dekoratioun vum Iessdësch, bis hin zur richteger Foto: Fir dëse wichtegen Dag muss alles passen.
An der Luxexpo um Kierchbierg ass dëse Weekend d'Hochzäitsfoire. Eng 60 verschidden Exposante stellen hei hir Wuer an der Hal 3 aus.
Am Corona-Joer 2020 hu sech manner Leit d'JO-Wuert ginn, ewéi déi vergaangen zwee Joer. Ëm déi 2000 Koppele bestueden sech all Joer zu Lëtzebuerg. Bei de Scheedunge leie mir tëscht 1.200 an 1.400 Stéck am Joer.
Um Sonndeg sinn d'Diere vun der Foireshal nach vu moies 10 Auer bis owes 18 Auer fir déi interesséiert Leit op. 6 Euro Entrée kascht et.
Salon du Mariage an der Luxexpo (04.11.2023)
© Clément Steffen
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies