Hien ass ee vun de bekanntsten Alpiniste weltwäit a seng Fra ass eng Lëtzebuergerin.

De Reinhold an d’Diane Messner hu sech 2021 bestuet a wunnen zanterhier zesummen a Südtiroul, ënnert anerem an engem Schlass.

De Reinhold Messner war als deen éischte Mann bekannt, deem et gelongen ass um Sommet vun all de 14 Aachtdausender ze stoen, ouni Sauerstoff aus der Fläsch. Am September koum allerdéngs d’Nouvelle, datt dem Reinhold Messner direkt zwee Rekorder oferkannt ginn, well d’Guinness-Buch vun de Rekorder elo néi, ëmstridden Daten notzt.

Eng RTL-Ekipp hat d'Koppel am Summer a Südtiroul besicht a krut en exklusiven Abléck an deene zwee hiren Alldag. Fir d'Lëtzebuergerin war et och net einfach de Choix ze maache, fir Lëtzebuerg ze verloossen a bei hir nei Léift ze plënneren. Frënn a Famill huet si missen hannert sech loossen, mä um Enn war et fir d’Diane awer déi richteg Entscheedung: "Ech sinn haut wierklech frou, datt sech mäi Liewe verännert huet."

Datt 35 Joer Altersënnerscheed kee Problem sinn, hunn eis déi zwee eis wärend dem Summer gewisen. Si ergänze sech an d'Diane steet dem Reinhold ëmmer zur Säit a geréiert quasi den Alldag. De legendäre Biergsteiger ass nämlech nach ëmmer vill gefrot an dofir si se och permanent ënnerwee a liewen aus der Wallis.

"Ich könnte mir nicht vorstellen mit einer gleichaltrigen Frau zu Leben!", seet de Reinhold Messner.

Mir hunn de Reinhold an d’Diane Messner och zu Lëtzebuerg getraff, a waren dobäi, wéi d'Lëtzebuergerin hirem Mann fir d'éischte Kéier säin Heemechtsduerf gewisen huet. Zu Keel ass d’Diane Messner opgewuess an huet bei eisem Tournage och hire Schoulmeeschter aus der Primärschoul erëmgesinn.

RTL

© RTL

Nieft dem Schlass, der Summerresidenz vun der Koppel, verbréngen déi zwee awer och gären Zäit zu Juval. Hei wunne si an engem Haus, direkt nieft engem weidere Messner Musée an engem Restaurant. De Restaurant ass bekannt fir Yak-Fleesch ze kachen. De Reinhold Messner hält déi tibetanesch Béischte schonn zanter 1985.

De Reinhold Messner huet sech 2018 nei verléift, an dat an eng Lëtzebuergerin. D’Diane Messner huet fir dës Léift Villes missten opginn, bereit dat awer zu kengem Ament. "Wir haben uns gefunden und Diane ist meine wesentliche Stütze, in einer Zeit wo ich sie brauche", seet hire Mann.

An der RTL-Emissioun "Promispot" huet d’Diane Messner eis am Summer och ganz éierlech erzielt, wéi schwéier den Ufank vun hirer Bezéiung war an ass drop agaange, wéi si sech kennegeléiert hunn. Kuckt d’Emissioun nach emol am Replay.