Potter-Fans opgepasst
Maschiniste fir Harry-Potter-Streck gesicht

© Envato
A Schottland soll deemnächst nees en Zuch iwwer déi bekannte Streck vum Hogwarts Express fueren.
D'Harry-Potter-Filmer maachen d'Zuchstreck iwwert de Glennfinnan-Viadukt weltberüümt. Elo sicht d'Zuch-Entreprise "Scot Rail" verschidde Maschinisten, déi iwwert d'Route an den Highlands fuere sollen. Dat mellt d'BBC um Dënschdeg.
D'Aarbechtsplaz wier am Uert "Fort William" beim héchste Bierg vu Groussbritannien, dem Ben Nevis. Et misst een 20 Joer al sinn a géing am Ufank ronn 38.000 Euro am Joer verdéngen.
Am meeschte gelies