Zich bleiwe vläicht net méi hei stoen un der bekannter Lëtzebuerger Zuchlinn "Charly", ma dofir ass de Restaurant awer nach ëmmer op senger gewinnter Plaz.

War et Ufank vum 20. Joerhonnert Ulafstell fir hongreg Passagéier a Leit aus der Ëmgéigend, kommen haut nach ëmmer Leit heihinner fir e flotte kulinareschen Ament ze verbréngen. An dass dat gefält, domadder goufe si elo mat enger Auszeechnung vu Gault&Millau belount, wou si fir hir lokal Kichen a regional Produite geéiert goufen.

De Frédéric Vuillemin ass zanter 7 Joer de Chefkach an der Becher Gare a setzt virun allem op eng regional a lokal Kichen, wou hie vill Wäert drop leet, selwer nach bei de Produzenten ëm den Eck laanscht ze fueren a sech d'Produiten unzekucken. Sief et de Béier vum Noper, de Poulet vum Bauer, Kraider vu Lëtzebuerg oder och nach d'Fleesch vu Lelleg.