Festival Luminescences
Luuchtespektaktel am Zoo zu Amnéville
Op engem Wee vun 1,4 Kilometer ginn iwwert d'Wanterméint am Zoo zu Amnéville riseg Luuchten a Form vun ënnert anerem Déieren a Planzen opgestallt.
Et ass déi zweeten Editioun vun dësem Event a wärend den nächste fënnef Méint kann een dësen Deel am Zoo, ouni richteg Déieren, emol anescht erliewen. Néng Zone ginn et am Ganzen an de Visiteur soll sech fille wéi an enger anerer Welt. Ënnert dem Motto "Welcome to Paradise" gouf dës faarweg Welt dëst Joer montéiert.
Et géing een nëmmen LED-Luuchte benotzen a verbrauchen deet een 150 Kilowatt den Owend, dat géing 1,2 Prozent vum Gesamtverbrauch vun engem Joer am Zoo ausmaachen.
Méi Informatioune fannt dir hei.
©
Loïc Juchem / RTL
©
Loïc Juchem / RTL
©
Loïc Juchem / RTL
©
Loïc Juchem / RTL
©
Loïc Juchem / RTL
©
Loïc Juchem / RTL
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies