A waarmem Waasser bueden, méi genee Thermalwaasser: Schonn d'Griichen an d'Réimer woussten ëm déi heelend Wierkung. Och zu Lëtzebuerg hu mir sou eng Quell.

Thermalwaasser enthält am Géigesaz zu normalem Leitungswaasser nämlech vill Mineralstoffer, wéi zum Beispill Magnesium, Kalzium, Sulfitten, Jod a Kuelendioxid. Ma kann awer och duerch de Schwiefel am Waasserstoff no faulen Eeër richen, deem een awer probéiert mat Hëllef vun ethereschem Ueleg entgéintzewierken. Ma ass d‘Waasser awer mol bis preparéiert an an der Piscine, huet et eng erhuelsam Wierkung. A géif dofir och spezifesch bei gesondheetleche Problemer an den Asaz kommen, wéi bei Gelenk- a Muskelproblemer oder mat Hëllef vun Inhalatioune kann et gutt si fir d'Longen.

Ma dat ass awer nach net alles, well och d'Drénke vun Thermalwaasser huet eng Wierkung op eis Gesondheet. Et fërdert de Verdauungstrakt.

Thermalwaasser ass fossilt Waasser, dat déif ënnen aus dem Buedem kënnt. Déi éischte Kéier ass een Ufank den 1830er zu Munneref drop gestouss an zanterhier goufen 3 Buerunge gemaach. 1979, déi Drëtt a Lescht, aus där d'Waasser fir den Domaine thermal zanterhier gewonne gëtt. Zu Munneref ass déi eenzeg Thermalwaasserquell am Land. 175 Joer ass et hier, dass déi éischt Kueren hei ugebuede gi sinn. Ma dass dat iwwerhaapt de Fall ass, ass op en Zoufall zréckzeféieren. Eigentlech war een am fréien 19. Joerhonnert nämlech op der Sich no Salz, wat zu deem Zäitpunkt immens vill gesicht war.