15. Editioun vum Wanterfeeling huet seng Dieren opgemaach
E Freideg 10. November war den Optakt vum Wanterfeeling beim Suessemer Schlass.
An der magescher Ambiance vun der fréierer Waasserbuerg bidden eng sëllegen Exposanten de ganze Weekend iwwer Deko- a Gaardenartikelen un, souwéi och Konschthandwierk, Bijouen a villes méi. Et gëtt donieft och allerlee Schneekegkeeten.
Speziell ass dëst Joer, nieft der Animatioun vum Site duerch Artisten a Gaukler, eng immersiv Luuchteninstallatioun, déi iwwert de Site verdeelt ass an d’Visiteuren zum Matmaachen incitéiert. An et gëtt Live Musek, souwéi verschidden Iwwerraschungen.
De Wanterfeeling ass dëse Samschden op vu 14 bis 23 Auer, an dëse Sonnden vun 11 bis 19 Auer. Informatioune gëtt et op www.wanterfeeling.lu.
Och den Henri Schwirtz war fir eis op der Plaz an huet fläisseg Fotoe geknipst.