Austausch mat 5 Schüler aus dem Senegal
All dräi Joer sicht de Lycée Aline Mayrisch sech eng ONG eraus, fir een internationale Solidaritéitsprojet z'organiséieren.
Ufanks huet de Lycée Aktioune gemaach, fir Geld ze sammelen. Zanter e puer Joer ass dat Ganzt awer zu engem richtegen Austausch-Programm ginn, bei deem dann och deelweis Schüler aus deene jeeweilege Länner op Lëtzebuerg kommen a Lycéesschüler aus dem Aline Mayrisch an dat respektiivt Land reesen. Länner, déi an dësem Kontext schonn am Mëttelpunkt stoungen, waren zum Beispill Indien a Kolumbien, woubäi d'Kolumbianer wéinst der Pandemie net konnte selwer op Lëtzebuerg reesen.
Fir d'Länner erauszesichen, ginn all dräi Joer Walen organiséiert, wou verschidden ONGe kënnen hire Projet virstellen. Vun den 13 ONGen, déi hir Projeten d'lescht Joer viru Schüler, Elteren a Proffe presentéiert hunn, krut d'ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt déi meescht Stëmmen. Si hunn 1988 e Centre de Formation zu Mboro am Norde vum Senegal gebaut, deen zanterhier ëmmer weider gewuess ass.
Zil wier et elo, een zweete Centre am Süde vum Land ze bauen. An deem Kontext si vum 5. bis de 14.November och fënnef Schüler vu Soutou op Lëtzebuerg komm an huelen hien zesumme mat de Lycéesschüler a -Proffen un ënnerschiddlechen Aktivitéiten deel. Beim Opstelle vum Programm wier et besonnesch wichteg gewiescht, net nëmmen déi schéi Säite vum Grand-Duché ze weisen, mä och déi méi problematesch Aspekter ze beliichten, sou d'Jeanne Dumont, eng vun den dräi Coordinatrice vum Solidaritéitsgrupp am LAML.
Wärend deenen 10 Deeg, an deenen d'Schüler zu Besuch sinn, liewe si a "Famille d'accueil"'en a kréien een diversifiéierte Programm gebueden. Dozou huet ënner anerem e Rallye duerch d'Stad gehéiert, Sport-Coursen, Workshoppen oder och Visitte beim Co-Labor, der Vollekskichen, de SePAS a ville méi.
"D'Plus-Value vun dësem Austausch-Programm fir d'Lëtzebuerger Schüler ass, dass si mierken, dass déi Jonk, fir déi si wärend dem Joer Sue sammelen e Gesiicht hunn, si hunn een Numm, si hunn eng perséinlech Geschicht an et si Jonker, wéi si", sou d'Jeanne Dumont, eng vun den dräi Coordinatricë vum Solidaritéitsgrupp vum Lycée Aline Mayrisch. "Et sinn net einfach 'aarm Kanner iergendwou an Afrika', mä et si Jonker, déi och an d'Schoul ginn, eng Famill hunn, Sport maachen, Musek lauschteren an Dreem hu fir d'Zukunft. Wa si sech kenneléieren, ginn dat reell Persoune fir d'Schüler, wat et méi einfach mécht, e richtege Lien mat hinnen opzebauen an d'Plaz Suen ze sammele fir abstrakt Persounen."
Den nächste Schrëtt vum Projet wier et, Schüler aus dem LAML an de Senegal ze schécken - dat wier fir d'nächst Joer virgesinn.