Kanneraarmut zu Lëtzebuerg

© UNICEF Luxembourg / RTL-Grafik
Wien u Kanneraarmut denkt, denkt warscheinlech net direkt u Lëtzebuerg. Tatsächlech schneit Lëtzebuerg wat Kanneraarmut ugeet awer net esou positiv of.
Wann ee vun Aarmut schwätzt, kann et sech ëm absolut oder relativ Aarmut handelen. Absolut Aarmut bedeit, dass ee keen Accès zu deem huet, wat ee fir ze iwwerliewe brauch. Dat heescht, net genuch Iessen, kee proppert Drénkwaasser, keng Wunneng, keng Kleedung a keng Méiglechkeet, fir bei den Dokter ze goen. Oft kënne Kanner a Länner mat schwaachem Akommes net an d’Schoul goen a leiden ënner absolutter Aarmut.
Vu relativer Aarmut schwätzt een, wann een iwwer Europa schwätzt. D’Iwwerliewen ass an Europa zwar geséchert, dat heescht awer net, dass et net och an (West-) Europa Aarmut gëtt. Wann een sech d’Aarmutssituatioun an Europa ukuckt, fënnt ee schnell eraus, dass Lëtzebuerg säit 2006 zu den EU-Länner mat dem héchsten Aarmutsrisiko fir elengerzéiend Haushälter gehéiert. Och bei Famillje mat ville Kanner besteet d'Gefor, der Aarmut ze verfalen.
Laut enger Statistik vun 2022 sinn hei am Land ganzer 24,0 % vun de Kanner (0-18 Joer) vun Aarmut a sozialer Ausgrenzung bedreet. Dat heescht konkret: Bal 1 vun 20 Kanner kann sech keng nei Kleeder leeschten oder de Schoulausfluch net bezuelen. 7,6% vun de Kanner liewen an Haushälter, wou et net méiglech ass, sech eng Woch Vakanz am Joer ze leeschten.
De Staat probéiert duerch verschidden Initiativen, dës Entwécklung ze stoppen, an ergräift Moossname fir eng besser Chancëgläichheet. E puer vun dëse Moossnamen si beispillsweis d‘gratis Bildung, gratis Museksschoulen, gratis a gesond Iesse fir Kanner ab 4 Joer an dem Fondamental. Säit e puer Joer ginn et jo och gratis Schoulbicher fir all d‘Lycéesschüler. Och den ëffentlechen Transport ass säit 3 Joer gratis.
Wann een dann elo selwer vun Aarmut betraff ass, kann een sech hei zu Lëtzebuerg Hëllef sichen. Et kann een sech beim gratis an anonymme Berodungsdéngscht, dem Kanner-Jugendtelefon, mellen an sou Äntwerten op seng Froe kréien.
Fir Kleedung kann een sech bei der Kleederstuff an den "Epiceries sociales" mellen oder sech an der Gemeng ëmfroen. Am lokale Jugendhaus ginn et vläicht Méiglechkeeten, sech mat Gläichgesënnten ze treffen an u Sportaktivitéiten oder Kreativatelieren deelzehuelen.
Et kann een och Kolonien oder Vakanze mat der YoungCaritas oder dem Lëtzebuergesche Roude Kräiz zu engem faire Präis ënnerhuelen.
Wann ee Lycéesschüler ass an sech eng Klasserees net finanzéiere kann, kann ee finanziell Ënnerstëtzung vun der Schoul ufroen.
Kanneraarmut ass also keen onwichtegt Thema hei zu Lëtzebuerg, wat een einfach ënnert den Teppech kiere kann. Et sinn erschreckend héich Zuele fir e Land wéi Lëtzebuerg. Elo bleift d’Hoffnung, dass eis nei Regierung sech géint d’Kanneraarmut hei am Land wäert asetzen a weider Initiative wäert ergräifen, fir dass dëse Kampf sou séier wéi méiglech gewonnen oder op d’mannst staark miniméiert ka ginn.
Hannah, 18 Joer al, Youth Ambassadors zanter Hierscht 2022