Generalstreik 1942

© RTL-Grafik
Et ass den 31. August 1942, d’Lëtzebuerger si souwisou scho richteg rosen op déi Däitsch.
Déi Däitsch sinn nämlech einfach an hiert d’Land komm, a soen hinne lo, wat si maache mussen.
A wéi wann dat net schonn genuch wär, huet de Gauleiter Gustav Simon och nach eng Ried gehalen, wou hie seet dass hien déi Jonk tëscht 18-22 Joer rekrutéieren wëll, dat heescht jonk Bouwe mussen an de Krich, an op der Säit vun de Däitschen kämpfen!
Dunn hunn d’Lëtzebuerger sech geduecht: "Komm mir weisen deenen Däitschen mol, dass mir eis net alles gefale loossen. Mir organiséieren ee Streik!"
Puer Leit aus der Resistenz hunn du Flugblieder gemaach a verschéckt. Do goufen all d’Lëtzebuerger, déi an engem Betrib, als Schoulmeeschter oder Bréifdréier... geschafft hunn, opgeruff fir ze streiken.
Et koum dunn och zu engem Streik am ganze Land! Moies, wou si eigentlech op d’Aarbecht goe missten, si si einfach doheem bliwwen. Iwwer 600 Leit hu matgemaach.
Also déi Lëtzebuerger ware wierklech couragéiert, well d’NS war net ganz léif.
No enger Zäit hunn déi Däitsch, déi an deene Fabricken oder op der Post geschafft hunn, jo gemierkt dass bal dee ganze Betrib net do war. Sie hunn dat dann natierlech direkt weiderginn un d’Cheffen.
An déi wosste jo, wou hier Mataarbechter wunnen, a vue que dass déi Däitsch net grad ganz begeeschtert doriwwer waren, si si direkt bei déi Léit heem gaangen an hunn nogefrot, firwat si dann net op der Aarbecht waren.
Wéi scho gesot hunn déi Däitsch net laang gezeckt, a dofir huet beim Streik net jiddereen iwwerlieft. Am ganze goufen 21 Mënschen erschoss.
Aner Länner, wéi Amerika oder déi deemoleg Sowjetunioun, kruten dat no enger Zäit och mat. Op eemol huet jiddereen vum klenge Lëtzebuerg geschwat a si waren iwwerrascht, dass d’Lëtzebuerger sou couragéiert waren a gestreikt hunn.
D’Eegestaatlechkeet vu Lëtzebuerg war gefestegt.
Julie Ludwig, 12 Joer al, Kannerreporter