De Weltkannerdag - Wat ass dat a firwat gëtt et en iwwerhaapt?

© Collage via Pixabay
Den 20. November ass ee besonneschen Dag. Op ville Plaze gesäit een d'Faarf blo, an et gëtt vill iwwer d'Rechter vun de Kanner geschwat.
Ma firwat ass dat esou? E Méindeg ass de Weltkannerdag, deen zanter 1989 all Joer um 20. November gefeiert gëtt. Domat gëtt un den Dag erënnert, un deem d'UN-Kannerrechtskonventioun ugeholl gouf. Dat ass een internationale Vertrag, an deem d'Rechter vun de Kanner festgeschriwwe ginn, an dee bal an all Land op der Welt gëtt. Och Lëtzebuerg hat deemools mat ënnerschriwwen.
De Vertrag fir d'Kannerrechter, deen dëst Joer 34 Joer al gëtt, seet, datt Kanner besonnesch geschützt musse ginn. D'Kanner hunn ee Recht dorop, gesond an a Sécherheet grouss ze ginn. Si hunn och ee Recht dorop, ze léieren an an d'Schoul dierfen ze goen, esou datt hinnen all Weeër opstinn, wa si bis grouss sinn.
Zanterdeem et d'UN-Kannerrechtskonventioun gëtt, huet sech d'Liewe vu Kanner a Jugendleche ronderëm d'Welt op vill Aart a Weise verbessert. Ma et ginn awer och ëmmer nach vill Kanner op der Welt, déi net a Sécherheet opwuesse kënnen. Si sinn zum Beispill Affer vu Krich, zum Beispill an der Ukrain, oder am Krich am Noen Osten.
Fir dorop opmierksam ze maachen, datt d'Rechter vu ville Kanner ronderëm d'Welt nach ëmmer net respektéiert ginn, maachen um Weltkannerdag Erwuessener a Kanner op Probleemer opmierksam. Fir Solidaritéit ze weisen, ginn op ville Plaze Gebaier mat bloer Luucht beliicht.
Weltkannerdag op RTL
Fir datt déi Jonk hei zu Lëtzebuerg zu Wuert komme kënnen, verëffentleche mir hei op RTL de ganzen Dag iwwer Artikelen, déi vu Kanner a Jugendleche geschriwwe goufen. Och eis Kannerreporter waren am Asaz. Den Ivan huet de Paul Heber interviewt, dee fir d'UNICEF Lëtzebuerg schafft a sech esou fir d'Rechter vun de Kanner asetzt.
De Weltkannerdag gëtt och zu Lëtzebuerg gefeiert! Wëlls du méi iwwert de Weltkannerdag zu Lëtzebuerg wëssen, oder souguer selwer matmaachen? Op där heiten Internetsäit fënns du d'Geschicht vum Weltkannerdag an eng Rei flott Aktiounen, bei deenen s du kanns matmaachen.

© RTL-Grafik