Den Ivan ass 13 Joer al, Kannerreporter fir RTL a geet zu Dummeldeng an de Lycée.

Den Ivan huet dëse Summer virun de Walen de Luc Frieden, deen elo neie Premierminister ass, an d'Ana Correia Da Veiga vun déi Lénk interviewt. Fir de Weltkannerdag hu mir mat him geschwat an hie gefrot, wat him op dësem Dag am wichtegsten ass.

Fir den Ivan ass et ganz wichteg, datt d'Leit dobausse sech fir de Weltkannerdag interesséieren, well d'Kanner hir Rechter sollen hunn. An der Schoul hate si schonn iwwert de Weltkannerdag geschwat. "De Weltkannerdag ass fir mech en Dag, wou d'Kanner musse kënne profitéiere vun hire Rechter a weisen, datt Kanner och Rechter hunn."

Um Weltkannerdag ass et dem Ivan awer och wichteg, dorop opmierksam ze maachen, datt net all d'Kanner op der Welt et esou gutt hunn. "Hei zu Lëtzebuerg ass et ganz normal, dass d'Kanner an d'Schoul ginn. Mä et muss een och un déi aner denken, déi net d'Moyenen hunn, déi keng Schoulen hunn." Dem Ivan läit et um Häerz, datt och déi Kanner solle kënnen - a souguer mussen - an d'Schoul goen. "Eng Schoul ass gutt ze hunn, fir d'Liewen", esou den Ivan.

Ganz perséinlech wënscht sech den Ivan, datt Kanner vun deene Groussen net esou sollte behandelt ginn, wéi wa se näischt kéinten. "Wann déi grouss Leit schwätzen, gëtt dacks gemaach wéi wa mir näischt wéissten. Mee mir sinn net domm a mir kënnen och e puer Saachen. D'Erwuessener sollen eis méi nolauschteren!"

Kanner weltwäit sollen ee gutt a gerecht Liewe kënne féieren, dat och mat der Hëllef vun der UNICEF.

Wéi eng Rechter sinn dem Ivan am wichtegsten?

  • E Recht op Bildung
  • D'Recht, eng Famill an eng Identitéit ze hunn
  • D'Recht, ouni Gewalt opzewuessen