Am Live! Planet People ass et e Freidegowend ëm e Kannerbuch, ëm eng Spendenaktioun an ëm d'Sprooch vun de Lompekréimer gaangen.

1.345 km huet den Thibaut van den Heuvel an 11 Deeg um Vëlo gedréckt, an d'Resultat ass e Buch fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner. Mat 3 Méint war bei him Leukemie festgestallt ginn an 20 Joer méi spéit wëll hie sech dankbar weisen an eppes erëmginn. Dofir sammelt hien elo Suen a wëll all de Jonken an hiren Eltere Courage maachen, déi am selwechte Fall si wéi hien deemools. Alles ënnert dem Motto 'wou ee Wëllen ass, ass och e Wee'. Hie vergläicht d'Krankheet fir de Patient mat engem héije Bierg, deen een erop muss kraxelen, a sou war hien an de Vogeesen an an den Alpen ënnerwee.

De Max Mutzke kennt een als Museker. Elo huet den däitsche Sänger an zukünftege Papp e Kannerbuch geschriwwen. 'Komm mit ins Paradies der Träumer' gëtt et och als Audiobuch, gelies vum Sänger selwer. Bekannt gouf hien duerch de Stefan Raab a mam Liddd 'Can't wait until tonight' war hien duerch den ESC souguer a ganz Europa bekannt. Scho mat 6 Joer huet hie Musek gemaach, meeschtens als Batteur a Sänger. Egal op Pop, Rock, Soul, Funk oder Jazz konnt hie säi Public gläichermoossen iwwerraschen, a mat sengem Kannerbuch wëll hien de Kanner d'Gefill vu Gebuergenheet a Sécherheet ginn.

Dem Romain Pansin mécht am Jéinesche keen eppes vir, an eng Opfrëschung fir eis all, gëtt et elo a Form vun engem Buch. Jéinesch ass d'Sprooch vun de Lompekréimer. Jéinesch, dat heescht och raffinéiert, klug, awer net am Sënn vu schouleschem Wëssen, mee de Sënn vum Liewe verstanen ze hunn. "Kuff d'Schmull an dibber Nobes" heescht dat neit Buch vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch mat 117 jéinesche Wierder. Et ass de fënnefte Band aus der Serie "Lëtzebuerger Wuertschätz", wou sech deemno alles ëm d'Jéinescht dréint.

RTL