Moien, ech sinn de Lionel Ribeiro, Kannerreporter vun RTL, an haut si mir den 20 November. Weltkannerdag!

Ouah! Kanner hunn hiren eegenen Dag! Dofir hunn ech decidéiert, iwwert een Thema ze schwätzen. An et ass Kannerrechter. Mä wat sinn iwwerhaapt déi Rechter? Dat erklären ech Iech elo. Hei zu Lëtzebuerg hu Kanner ganz vill Rechter. Si hunn zum Beispill d'Recht, an d'Schoul ze goen. Verschiddener vun Iech wäerte soen: Schoul? Langweileg.

Awer an anere Länner musse Kanner schaffe goen, oder si kënnen einfach guer net an d'Schoul goen. Mir hunn d'Recht op Schutz am Krich an op Flucht, wa Krich ass.

An et ginn nach sou vill aner wichteg Rechter. Zum Beispill d'Recht op Gesondheet. Mir kënnen eis Meenung ausdrécken, wat een an anere Länner net däerf maachen.

Ech zemools si ganz frou, dass ech hei zu Lëtzebuerg liewen.

Wann Dir een negativen Dag hat, denkt ëmmer, dass an anere Länner Kanner liewen, déi am Misär sinn. Also sieft frou a positiv, dass Dir hei lieft.

Vu menger Säit soen ech Iech Äddi an nach ee schéine Weltkannerdag.