De leschte Wee als Minister vun der Paulette Lenert a vum François Bausch
Déi leschte Woch hu jo béid Minister hire Pouvoir missen ofginn an hir Büroen an hire Ministèrë verloossen.
Et ware schwéier Momenter fir de Minister vun der Mobilitéit an den ëffentlech Aarbechten, Minister vun der Defense, a Vize-Premier François Bausch, fir seng Büroen an de Ministèren ze raumen a senge Mataarbechter Äddi a Merci ze soen. 10 Joer ass eng laang Zäit an där och vill Frëndschaften entstinn. Bei senger leschter Ried un d'Mataarbechter konnt de François Bausch seng Tréinen net zeréckhalen.
Och der Paulette Lenert hir Ministeschkarriär war keng einfach. De 5. Dezember 2018 gouf si als Ministesch fir Humanitär Hëllef a fir Konsumenteschutz an der Regierung Bettel-Schneider-Braz vereedegt. Nom Depart vum Etienne Schneider huet Si d'Funktiounen als Gesondheetsministesch, delegéiert Ministesch fir Sozialversécherung a Ministesch fir Konsumenteschutz iwwerholl. Knapps véier Wochen no der Vereedegung huet Si déi éischte Pressekonferenz an der Corona-Kris gehalen. Eng Kris, déi bal hir ganz Amtszäit als Gesondheetsministesch gepräägt huet.
Mir sinn de leschten Trajet am Déngschtwon vun den zwee Ministere matgefuer an hu mat hinnen e Réckbléck op hir Karriär gemaach.