Joel Marques Cunha, Bürger Lars Dietrich, Caroline Beil a Jürgen Schwarz
Am Live! Planet People ass et e Freidegowend ëm e Gesangstalent, däitsch Comedy an ëm eng Spendenaktioun gaangen.
De Joel Marques Cunha ass um Wee un d'Spëtzt vun "The Voice" an Däitschland. An der 13. Staffel vun der Casting-Show waren all Jurysmemberen vun him senger Stëmm iwwerzeegt. Am Team vum Bill an Tom Kaulitz huet hie schonn e schéine Parcours zréckgeluecht a steet nächste Freideg an der éischter Liveshow, wou hien dann versicht, d'Finall ze erreechen. No de "Blind Auditions", de "Battles" an dem "Sing off" sinn dat déi nächst Schrëtt fir eng eege Single erauszebréngen.

De Bürger Lars Dietrich an d'Caroline Beil bréngen d'Leit e Sonndeg zu Maarnech am Cube zum laachen. Béid Acteuren sinn de Moment op Tournée mat "Rent a Friend". Et ass eng turbulent-witzeg Komedie vum Folke Braband, déi e Geschäftsmodell kritesch hannerfreet, deen op virgetäuschten soziale Relatiounen baséiert. Den Auteur huet den Humor a sengem Stéck net vergiess a mécht den Spectateur op eng lëschteg Manéier zum Matwësser ëm Schäin a Realitéit.

De Jürgen Schwarz huet dem Joey Kelly gehollef, en neie Weltrekord opzestellen. Bei der 28. Editioun vum RTL-Spendenmarathon huet den Joey Kelly dës Kéier déi wäitsten Staffel-Lafstreck a 24 Stonnen mat villen anere Participanten gemeeschtert, dorënner och Vertrieder vu Lëtzebuerg. Bei der "24h American Football Challenge" goufen de 16. a 17. November 4.454,6 Kilometer gelaf. Et war déi 8. Kéier, dass Buderus sech engagéiert huet. Dëst Joer sinn 20,1 Millioune beim RTL Spendenmarathon gesammelt ginn.

1.639.570 Euro sinn 2023 beim Télévie zesumme komm. E grousse Meritte un dësem schéine Montant, fir d'Kriibsfuerschung weiderzebréngen, hunn hei déi véier "Centres de Promesse" Déifferdeng, Helperknapp, Schëtter a Rodange. D'Relève als nei Zentren iwwerhuelen vun elo un d'Gemengen Habscht, Mäertert/Waasserbëlleg, Noumer an als "Centre permanent" nees Rodange, déi eleng am Laf vun de Joren op 1 Millioun Euro komm sinn.

Méi Detailer gëtt et um Site www.televie.lu. De groussen Télévie-Dag ass d'nächst Joer um 20. Abrëll.