D'Wantersportsaison ass op ville Plaze schonn agelaut – och wann den Neischnéi deels nach op sech waarde léisst.

Duerch de Klimawandel gëtt et ëmmer méi schwéier virauszesoen, wéini et dann endlech ka lassgoen. Zu Seefeld an Tirol huet ee sech dofir eng afale gelooss. Mam sougenannte "Snowfarming" garantéiert een hei zanter Joeren e pénktleche Start an d'Saison. Esou kënnen d'Laangleefer, déi an dëser Regioun op hir Käschte kommen, schonn am November hir éischt Ronnen iwwer d'Loipen dréien – wéi déi Piste genannt ginn. Méiglech ass dat, well een en décke Koup Schnéi vum leschte Wanter gesammelt huet, erkläert den Elias Walser vum Tourismusverband Seefeld. "Dieser Schneehaufen wird dann im Frühjahr mit Hackschnitzel abgedeckt. Da kommt ca. ein halber Meter Hackschnitzel drauf. Und das reicht aus, dass der Schnee über den gesamten Sommer liegen bleibt. Er sackt zusammen, er verdichtet sich. Ca. 10-15% des Schnees schmilzt. Der Rest ist aber erhalten. Und dann wird dieser Haufen Anfang November von den Hackschnitzeln abgedeckt. Und wenn dann die Temperaturen passen, bringen wir diesen auf die Langlauf-Loipe auf."

Fir den Ufank mussen d'Laangleefer sech mat engem Circuit vun 2,5 Kilometer zefridde ginn. Véier Deeg laang dauert et, fir mat deene ronn 10.000 Kubikmeter gesammeltem Schnéi d'Strecken ze preparéieren. Trotzdeem kënnt een och hei net dolaanscht, fir Schnéikanounen anzesetzen.

"Also wir merken den Klimawandel. Die Winter sind nicht mehr so planbar. Die natürliche Schneedecke wird eine Spur weniger. Aber auch zur Beschneiung brauchen wir die passenden Temperaturen. Und so ist quasi Snowfarming ein weiterer Aspekt, wo wir ein Grundangebot an Langlaufloipen zusammen bringen. Und da ist für uns ganz wichtig, dass wir alles was wir drum herum machen, auch vertretbar ist. Deswegen Hackschnitzel. Deswegen haben wir Bauern aus der Region, die mit den Traktoren fahren."

Mëttlerweil ass dann och e bësse Schnéi vun uewen dobäi komm. Dem Laanglaf an enger wanterlecher Landschaft steet also näischt méi am Wee.