
Dëst ass de gréisste Gewënn, dee jee zu Lëtzebuerg ausbezuelt gouf. An den Top 3 an dëser Kategorie sinn och nach d’Zomme vu 65,7 an 31,6 Milliounen Euro.
Just ee Lous gouf mat den Zuelen 12-16-27-33-44 an den Zousazzuele 7 an 8 ofginn, esou datt de komplette Gewënn vu knapp iwwer 83 Milliounen un eng eenzeg Persoun, déi de Lous am Grand-Duché ofginn huet, ausbezuelt wäert ginn.