Déi däitsch Klengstad Rinteln an Niedersachsen ass wuel de wéinegste Leit e Begrëff. Ausser vläicht elo fir en neie Weltrekord.

Dem däitschen Institut fir Rekorder nämlech no huet d'Koppel Thomas a Susanne Jeromin aus der Stad am Weserbergland 555 Plastik-Chrëschtbeemercher opgeriicht an domadder en neie Weltrekord opgestallt. Si hunn iwwregens hiren eegene Rekord aus dem Joer 2021 geknackt, deemools waren et "just" 444 där Beemercher. Fir datt och alles richteg festlech ausgesäit, mussen ëm déi 108.000 Chrëschtbullen opgehaangen an d'Luuchte fixéiert ginn. Eleng fir d'Chrëschtzäit ass dat ee Plus vun 89 Euro u Stroum.

Fir dat alles mat Zäiten hinzekréien, gëtt mat dem Rëschte vun de Beemercher no der Fréischicht op der Aarbecht géint 15 Auer ugefaangen an da bis owes duerchgeschafft. Iwwregens gëtt et och weekends keng Paus. Startschoss fir d'Aktioun war dëst Joer am Juni. Fir och sécher déi 555 Beemercher placéiert ze kréien, huet Koppel extra e Raum bei d'Haus bäigebaut, an deem elo 89 dekoréiert Plastik-Chrëschtbeemercher stinn.

Wéi laang se awer brauchen, fir déi all nees ofzeriichten an ob dann iwwerhaapt nach vill Plaz am Haus ass, dat ass net iwwerliwwert.