Am Live! Planet People goung et e Freidegowend ëm d'Lëtzebuerger Sprooch, en neie Roman, e Laf-Challenge an en Theaterstéck.

D'Leslie Schmit notzt YouTube, fir jidderengem dee wëll, Lëtzebuergesch bäizebréngen. An der Pandemie koum d'Leslie op d'Iddi kleng Videoen ze realiséieren an dorausser ass eng Serie mat Lëtzebuergeschcoursen entstanen, wou ee Verben an de Vocabulaire léiert, an och al vergiessen Wieder nees an Erënnerung geruff kritt. Mat 14.500 Abonnenten huet déi jonk Fra eng trei Fanbase. Aner Passioune si Fotografie a japanesch Kultur, a seng ganz Léift gehéiert dem Hond, deen duerch en Handicap am Rollstull fiert.

RTL

Den Auteur Tom Hillenbrand presentéiert säin neie Roman 'Die Erfindung des Lächelns' en Dënschdeg 1. Dezember an der Cité Bibliothèque. De gebiertegen Hamburger, deen elo zu München lieft a schafft huet Enn den 1990er zu Lëtzebuerg e Stage gemaach a vill Andréck gesammelt, fir déi a senge 7 Krimien mam pensionéierten Stärekach an Hobbydetektiv Xavier Kieffer ze verschaffen. Entretemps huet den Hillenbrand sech éischter op Romaner spezialiséiert, awer seng Léift zu Lëtzebuerg ass bliwwen an 2018 gouf hien och vum Staatsminister Bettel mat enger Medail ausgezeechent.

RTL

De Sammy Moussaïd preparéiert sech op e speziellen Challenge fir de gudden Zweck. Hien behaapt vu sech, dass hien zu de Privilegéierten zielt, well hien hei am Land wunnt a schafft, an dofir mécht hien zanter 2021 Challengen, wou et bannent 48 Stonnen drëms geet all 4 Stonnen, 4 Meilen (also 6,4km) ze lafen. D'Konzept kënnt vum David Goggins an ass bekannt ënnert dem Numm 4x4x48. Donieft huet de Sammy mat 3 DJ-Kolleegen d'asbl 'Beyond The Senses' gegrënnt, mécht fermentéierten Téi, erniert sech vegan an engagéiert sech fir 'd'Kindernothilfe'.

RTL

D'April Hailer ass den 10. Dezember zu Maarnech mam Theaterstéck 'Josef und Maria'. Kennegeléiert hunn déi meescht d'Actrice, well si vun 1992-1997 an der RTL-Verbrauchershow vum Geert Müller-Gerbes zum festen Ensembel gehéiert huet. Duerno hat si 3 Joer beim ZDF hier eegen Sendung 'Die April-Hailer-Show'. Et gesäit ee si reegelméisseg a populären Serien oder Filmer awer hiert Häerz gehéiert der Bün op am Musical oder dem Theater. E Sonndeg den 10ten Dezember um 17h00 kënnt si op Maarnech an de Cube mat 'Josef und Maria', engem Märchen fir Erwuessener.

RTL