An hirer Emissioun nomëttes um Radio war et den Opruff, dass d'Leit solle Postkaarten eraschécken.

Wa se der 30 géifen erakréien, da géife si dofir am Géigenzuch an der Emissioun eppes "Besonnesches" maachen. Séier huet et geheescht Faarf bekennen, well déi 30 Postkaarte ware bannent kuerzer Zäit an der Redaktioun ukomm.

Wärend bal 3 Wochen haten d'Leit elo Zäit hir Proposen eranzeschécken, wat den Tom an de Laurent dann elo als Wettasaz mussen ëmsetzen.

Aus all de Propose goufen déi 5 bescht erausgefiltert, an elo ass et nees un iech, fir äre Favorit ze bestëmmen!

Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, da musst Dir d'Cookies fir de Site nach emol nei acceptéieren.