Am Live! Planet People goung et e Freidegowend ëm nohalteg Projeten an Ägypten a Südafrika, Perkussioun fir Chrëschtdag a Bioakustik.

D'Yasmine Hémès beschreift am Buch 'über dem Wasser tauchen' hir eegen Geschicht tëscht Haien, Pyramiden an Zuluen. 8 Joer huet si sech fir allerlee Projeten agesat, 2 Joer an Ägypten a 6 a Südafrika. Si huet Sea Shepherd Lëtzebuerg lancéiert, an 20.000 kg Dreck an 23.000 Meter Netzer an déck Seeler aus dem roude Mier gezunn. A Südafrika huet si 'Izulu Water' opgebaut an 47 Buerlächer gegruewen, fir 10.600 Mënschen proppert Drénkwaasser ze ginn. Am Lockdown huet si 10.000 Mënschen a Südafrika Iessen beschaaft an elo engagéiert si sech bei pathum.eu

RTL

'Double Drums' begeeschteren op der ganzer Welt, Kleng a Grouss, mat Perkussioun, och fir Chrëschtdag. 'Groovin' Christmas' heescht de Programm vun den zwee Museker, déi weisen, dass och vill Rhythmus an dëser Zäit läit. Beim Philipp Jungk an Alex Glöggler geet et vum Weihnachtsoratorium vum Bach bis bei d'Jingle Beats, also zum Deel besënnlech Lidder awer och Lidder mat vill Energie an Humor. Béid Museker sinn iwwerzeegt, dass Musek Spaass maache muss a sou eruewere se net just Europa, mee och a Südamerika a China, an hu méi wéi 4 Millioune Klicks op YouTube.

RTL

D'Céline Brêt war 6 Méint a Griicheland an huet Delphiner, Flamingoen, Villercher a Chameleonen observéiert. Donieft huet se sech och wärend där Zäit zu Samos ëm Bioakustik gekëmmert a vill Erfarung gesammelt, vum soziale an och vum wëssenschaftlechen Aspekt hier. Méiglech gemaach huet de Volontariat jugendinfo.lu. Fir déi jonk Wëssenschaftlerin war et och eng flott Erfarung zu 4 eng Kummer ze deelen, an aus der eegener Confortzon erauszekommen. Aner Hobbye si lafen, klammen a schwammen.

RTL