Den zweeten "L" vum weltbekannte Schrëftzuch huet e Freideg den Owend héich iwwer Los Angeles nees geliicht.

Dat ass eng éischte Kéier zanter Joerzéngten, datt nees Luucht un de Buschtawe vum Hollywood-Zeeche fixéiert goufen. Dës Beliichtung ass awer reng symbolesch, heescht et vum Chef vum Hollywood Sign Trusts dem Jeff Zarrinnam. Et goufen och ebe just d'Luuchten um zweeten "L" vum Schrëftzuch bis ewell fixéiert an ugemaach. An Zukunft kéint et dem Zarrinnam no awer nees méiglech sinn, datt all d'Buschtawen nees kënne Liichten.

Dat bekannt Zeeche gouf 1923 opgebaut a war den 8. Dezember vun deem Joer ageweit ginn. Am Originale stoung nach "Hollywoodland" um Bierg Mount Lee ze liesen an et war eng Reklamm, fir Immobiliegesellschaften, déi an der Ëmgéigend, also den Santa Monica Moutains, Terrain an Haiser verkafe wollten.

U sech sollt et just fir ronn 18 Méint do stoe bleiwen. Ma doduerch, datt d'Géigend an där Zäit duerch d'Filmproduktioun ëmmer méi bekannt gouf, huet ee sech dofir entscheet, fir et stoen ze loossen. D'Zeeche huet an de Joren dono och ëmmer nees de Besëtzer gewiesselt an 1933 gouf dunn decidéiert, fir d'Luuchten ze demontéieren, well et ze deier gouf.

RTL

© AFP

Am Joer 1949 gouf et Protester vun Awunner, datt d'Zeeche géif d'Vue behënneren. No villem Hin an Hier gouf e Kompromëss fonnt, esou datt een am September d'Wuert "Land" ewechgeholl huet. Domadder waren d'Bierger zefridden, well Hollywood géif fir den Distrikt stoen, "Hollywoodland" dogéint fir d'Firmen, déi do gebaut hunn.

1978 goufen déi original Buschtawen dunn ersat. Dat neit Zeeche war aus Stol a soll doduerch och méi laang halen. Fir et ze finanzéieren, si Firmen a bekannt Personnagen agesprongen. Esou gouf den éischten "O" vum Museker Alice Cooper bezuelt, de Grënner vum Playboy Hugh Hefner hat den "Y" finanzéiert a Warner Bros. Records hat 27.778 Dollar fir de leschten "O" op den Dësch geluecht. Am Ganze koumen esou 250.002 US-Dollar eran, also néng Mol 27.778 Dollar.