Am Ritz zu Paräis war e Rank vun 750.000 Euro verluer gaangen

© Photo by Ludovic MARIN / AFP
Den 8. Dezember hat de Besëtzer vum Rank dësen als vermësst gemellt. Dem Hotel war kloer, geklaut gouf dësen net.
Wann een e Rank, deen e Wäert vu ronn 750.000 Euro huet, net méi erëmfënnt, kann dat emol deen een oder anere Schweessausbroch verursaachen. Bei engem selwer, mä och bei de Responsabele vum Hotel, an deem ee grad zu Gaascht ass.
D'Cliente, eng Cheffin vun enger malaysescher Entreprise, wéi BFMTV schreift, hat dem Personal virgeworf, datt si hiren deiere Rank geklaut hunn. D'Besëtzer vum Hotel Ritz am éischten Arrondissement zu Paräis hu fir hir Mataarbechter awer d'Hand an d'Feier geluecht.
Passéiert war dat Ganzt e Freideg tëscht 9.50 an 11.30 Auer, wéi d'Cliente de Rank, deen aus dengem 6,51 Karat Diamant besteet an aus Platinn gefäerdegt gouf, wärend dem Kaffi ausgedoen huet an nieft hiren Tablett an den Telefon geluecht huet, fir sech nach eppes ze bestellen. Wéi hir opgefall ass, datt de Rank net méi do war, huet si d'Police alarméiert. Den Hotel selwer huet awer ëmmer nees ausgesot, datt et sech net ëm e Vol kann handelen.
Am Hotel huet dono d'Sich no dësem extrem wäertvolle Rank ugefaangen an alles am Hotel gouf op d'Kopp gedréint. Fonnt gouf e schlussendlech e Sonndeg de Moien am Beidel vun engem Staubsauger... Gutt, datt een dee virdrun nach net eidel gemaach hat.