Mäin Kand ass krank an ech muss doheem bleiwen: Wat maachen?

Well dat net ëmmer geet an een net ëmmer "Congé pour raisons familiales" kann huelen, gëtt et zanter 1988 den Service "Krank Kanner Doheem".
Ee vun am Ganze 15 Servicer vun der ASBL "Femmes en Détresse". All Mënsch dierf op de Service zeréckgräifen. Et muss ee sech just online am Virfeld umellen.
A wann ee bis ugemellt ass, kann een ëmmer spontan eng Garde ufroen, erkläert d‘Frédérique Koedinger, Responsabel vum Service.
„Eng Garde dauert minimum 4 Stonnen bis maximum 9 Stonnen. An d‘Gardiene kënne vu méindes bis freides ab 7 Auer Moies scho bei engem doheem sinn oder dann um 19 Auer spéitstens fortfueren. An et ass och just fir doheem ze bleiwen. D‘Eltere gi mat de kranke Kanner bei den Dokter a mir betreien d‘Kanner da just doheem.“
Aktuell schaffen 10 Gardiene am Service an d‘lescht Joer goufen 846 Kanner iwwer d‘Joer betreit. Et wier ee personell gutt opgestallt. Wann et mol Enkpäss gëtt, kréien d‘Monoparentauxen de Virtrëtt. Jee no Saison variéiert natierlech d‘Demande.
„Jo op alle Fall. De Summer ass et bëssi méi roueg an awer elo de Wanter ass e grousse Boom. Féiwer, Gastroen a Grippewellen, där hunn mer ëmmer.“
Wéi empfannen et d‘Kanner an och d‘Elteren, wann do eigentlech awer friem Leit bei een heem kommen?
„D‘Leit sinn am Allgemenge vertrauensvoll. An et ass zimmlech einfach, well déi meescht Kanner jo och a Crèchë ginn oder am Schoulsystem sinn. Dat geet ëmmer „einwandfrei“. Dat funktionéiert ganz flott a ganz fein. An de Bouche à l‘oreille, d‘Elteren erzielen och, wéi flott dat ass mat eisem Service. A wann eis Damme mat hirer rosa Wallis kommen, wou och Bastelmaterial dran ass, da freeë sech d‘Kanner immens.“
D‘Käschte vum Service ginn adaptéiert un d‘Paie vum Monoparental oder un d‘Paie vun der Koppel.
„Zum Beispill wann een 3.800 Euro, Salaire imposable wuel verstanen, verdéngt, da muss een pro Stonn 3,65 Euro bezuelen an do ass och den Trajet derbäi.“
Déi Tabellen mat de verschiddene Präisser jee no Salaire a vill weider Informatioune fënnt een online op www.skkd.lu