Mélanie Marques, Tania, de Marco, den Hond Spike an de Guy Castegnaro
Am Live! Planet People goung et e Freidegowend ëm Weltreesen, d'Danzen an d'Biografie vum Gewerkschaftler John Castegnaro.
D'Mélanie Marques konnt als Dänzerin net just beim 'Tomorrowland' a Brasilien iwwerzeegen. 3 Deeg laang war si am Oktober bei der drëtter Editioun vun dësem groussen DJ Festival derbäi. Mat engem Diplom am klassesche Ballet weist si awer allméiglech aner Danzgenren, Bei ville groussen internationale Produktiounen a Showen a Frankräich an an der Belsch weist si Asaz, an och als Markegesiicht an enger Reklamm konnt een d'Mélanie schonn bewonneren. www.instagram.com/melanie__marques/

D'Tania, de Marco an den Hond Spike sinn op Weltrees an hunn mat hire Mottoen schonn 50.000km erof. 22 Länner hu si passéiert a maachen elo Statioun an Indien. Op hirem Parcours louchen nieft Frankräich an der Schwäiz och den Irak, Saudi Arabien, de Kuwait a Pakistan. 6 Deeg sinn si souguer vun der Police eskortéiert ginn. Wou et geféierlech war, wou speziell, a wou si méi laang bliwwen sinn a firwat, dat gesäit een reegelméisseg op Instagram ënner www.instagram.com/vollgaskoppel/. Geplangt ass de Congé sans solde nach ëm 1 Joer ze verlängeren an och Asien kennenzeléieren.

De Guy Castegnaro huet d'Liewen vu sengem Papp, dem bekannte Gewerkschaftler an engem Buch festgehalen. 'De Casteg', beschreift déi berufflech a privat Säit vun engem beléiften Mann deen no senger Zäit als Sproochrouer vum OGBL och nach als Deputéierten fir d'LSAP an der Chamber souz. Vill ze fréi, mat 67 Joer, ass hien u Kriibs gestuerwen, an och hei huet hien gekämpft, bis hien un der onbaarmhäerzeger Krankheet virun 11 Joer gestuerwen ass. D'Buch ass e Réckbléck op e Mënsch deen ëmmer fir déi aner do war, a seng Mamm vu Klengem un als Virbild hat.
