Am Joer 1991 hat de Schauspiller aus dem US-Bundesstaat Oklahoma säi groussen Duerchbroch am Film "Thelma and Louise".

Opgewuess ass de William Bradley Pitt an enger streng reliéiser Famill. Säi Studium un der Universitéit vu Missouri huet hien 1985 geschmass, well hie Schauspiller wollt ginn.

Déi gewoten Aktioun huet sech fir hie gelount - no éischte klenge Rollen a Reklammen an an der Tëlee konnt de Brad Pitt sech schliisslech zu Hollywood duerchsetzen a gehéiert zanterhier zu der US-Schauspill-Elite. Hautdesdaags ass hie souwuel viru wéi och hannert der Kamera aktiv.

Den zweefachen Oscar-Gewënner a "Sexiest Man Alive" mécht och elo mat 60 Joer net méi lues. Am Joer 2006 hat hie säin Debut als Filmproduzent an huet och seng eege Produktiounsfirma "Plan B Entertainment", mat där hien ënnert anerem déi präméiert Filmer  "The Tree of Life", "12 Years a Slave" an "Moonlight" erausbruecht huet.

Privat war hie mat der "Friends"-Schauspillerin Jennifer Aniston a mam Angelina Jolie bestuet, déi hien 2005 um Set vun "Mr. and Mrs. Smith" kennegeléiert huet. Zesumme mam Angelina Jolie, vun där hien zanter 2016 gescheet ass, huet hie sechs Kanner, dräi dovunner adoptéiert.

Wat ass Äre Liblingsfilm mam Brad Pitt? Sot et eis an de Kommentaren!