An engem Auktiounshaus zu Stockholm koume viru Kuerzem e bësse méi ongewéinlech Objeten ënnert den Hummer.

Wann een un Ikea denkt, denkt een net direkt u Luxus an awer si Vintage- Miwwele vun der schweedescher Mark den Ament esou gefrot ewéi nach ni.

D'Firma feiert dëst Joer hiren 80. Gebuertsdag. Passend dozou goufen zu Stockholm eng 100 Objete versteet, déi tëscht den 1950er an den 1990er op de Marché koumen. Eng rout Couche, déi 1972 an engem Ikea verkaaft gouf an deemools ëmgerechent 120 Euro kascht huet, goung e Méindeg fir 2.000 Euro un en neie Besëtzer.

Scho méi fréi dëst Joer hat eng Ikea-Auktioun fir Schlagzeile gesuergt. Eng "Cavelli"-Fotell, déi am Joer 1958 bei Ikea ëmgerechent ronn 27 Euro kascht huet, gouf fir ganzer 18.000 Euro versteet.

RTL

© AFP/Viken KANTARCI